Reen Update: Modeller hunn d’Situatioun däitlech entschäerft

Nodeems gëschter net ganz kloer war, ob eis muer um Donneschde nëmmen e puer Schaueren oder awer eng markant Situatioun duerch Dauerreen usteet, sinn elo weider Detailer bekannt.

En Déifdrockgebitt kënnt eropgeschwappt

Aus dem Oste vu Frankräich kënnt e klengt Déifdrockgebitt eropgeschwappt, wat eis de Modellrechnunge vu gëschter no nach méiglecherweis Dauerreen a Staarkreen bruecht hätt. Et gouf deelweis mat Quantitéite vu méi wéi 50 l/m² gerechent, wat iwwert esou e klengen Zäitraum definitiv ze vill gewiescht wier. Et huet zwar e bësse gereent an de leschten Deeg, an awer ass dat net dofir duergaangen, d’Dréchent ze neutraliséieren.

De neie Stand ass elo deen, dass eis um Donneschden zwar wuel Schaueren erwaarden, mee un déi gëschter genannt Quantitéite kommen déi neist Modellkaarte bei wäitem net erun. Den europäeschen ECMWF gesäit héchstens ëm 1 l/m² op eis duerkommen, den amerikanesche GFS 1 bis 3 l/m². Den däitschen ICON, deen an de leschten Deeg jo immens offensiv war, gesäit et an Tëschenzäit zimmlech entspaant an ass der Meenung, dass de Gros vum Reen iwwer Däitschland un eis laanschtzitt.


D’Reenzommen iwwert den Donneschde verdeelt, berechent vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com

Eng potenziell warnrelevant Situatioun fir den Donneschden ass also vum Dësch.