Reequantitéiten: Et reent weiderhi nëmme lokal begrenzt

D’Nidderschléi fokusséiere sech an de nächsten Deeg weiderhi nëmmen op e puer eenzel Géigenden. Meeschtens triede se just a Form vun enger lokal begrenzter Schauer oder och engem Donnerwieder op. Am Viraus ze soen, wou genee dës Zellen entstinn, ass awer eng Saach vun der Onméiglechkeet.

Gréisser Differenzen op klengstem Raum

Den amerikanesche Wiederdéngscht GFS rechent bis den Donneschden 0h mat Reequantitéiten vun tëscht 1 a 9 l/m², de Maximum gëtt fir d’Nordspëtzt vum Land gerechent.

Den europäesche Modell rechent mat 0 bis 3 l/m², dat meescht dovu soll dësem Modell no am Nordosten a laanscht den Oste vum Land erofkommen. Am Südweste soll sou gutt wéi guer näischt falen. Genee sou den ARPEGE, deen och mat 0 bis 3 l/m² rechent. Mam Ënnerscheed: De Nordweste soll am dréchenste bleiwen iwwerdeems den Osten am naasste sollt ginn.

Den däitschen ICON berechent tëscht 1 an 3 l/m², de berechnete Maximum läit am Westen a Südoste vum Land.

D’Ënnerscheeder wäerten also weiderhin vu Plaz zu Plaz markant bleiwen.