Rekord: Sou waarem war et an engem Februar nach ni

De Maximum vun der laanger Héichdrockphase gouf um gëschtrege Mëttwoch areecht. Uechtert Land si sou munch Allzäit- Rekorder gefall.

Wärmste Februar zanter Opzeechnungs-Ufank

Déi lescht Deeg si virun allem doduerch opgefall, dass et allkéiers direkt ëm e puer Grad méi waarem ginn ass, wéi eigentlech vun de Modeller berechent. Elo wärt viraussiichtlech rem eng gutt Zäit vergoe musse, bis mir rem esou Temperaturen ze erwaarden hunn.

Um Findel gouf den Allzäit-Rekord vum 28. Februar 1960 geknackt. Deemols gouf eng Maximaltemperatur vun 18,2 Grad gemooss, gëschter haate mir 19,8 Grad. De Rekord gouf also net nëmme knapp iwwertraff, mee mat enger Differenz vun 1,6 Grad souguer däitlech.

De Wert vum Findel war awer net déi héchst Temperatur, déi gemooss ginn ass. Spëtzereider war d’ASTA-Statioun vu Réimech mat engem beandrockende Wert vun 23,9 Grad. Un zweeter Platz kënnt Miersch mat 23,0 Grad, hannendrun Bartreng mat 22,8 Grad. Och Iechternach huet et mat 22,5 Grad an d’Top 4 gepackt.

Och un der Météo Boulaide- Wiederstatioun gouf mat engem Wert vun 20,2 Grad e neie Rekord opgestallt, dee sou séier wuel net méi gebrach wärt ginn.

Kuckt ee sech am Allgemengen d’Situatioun vu gëschter un, da kann een de Fazit zéien, dass et de wärmste Februar-Dag zanter Opzeechnungsufank zu Lëtzebuerg war.