Eng interessant, mee gläichzäiteg och potenziell geféierlech Wiederlag stellt sech am Laf vun der zweeter Wochenhallschent iwwer Mëtteleuropa an.
Advertisement
Sougenannt “Vb-Wiederlag”
An de nächsten Deeg steet Mëtteleuropa eng sougenannt “Vb-Wiederlag” un. Dorënner versteet een en Déif, wat u senger westlecher Säit kill Loftmassen u sech saugt, iwwerdeems waarm Loftmassen an de Südosten an Oste vun Europa transportéiert ginn. Déifdrockgebitter dréine jo, wéi bekannt, géint d’Auer. Duerch dës Beweegung treffen iergendwann an iergendwou déi waarm Loftmassen erëm op déi kill Loftmassen, déi op der anerer Säit jo an d’Déif eragesaugt ginn. Kill Loftmasse si méi schwéier méi waarm Loftmassen, dohier hiewe sech déi waarm Loftmassen iwwert dës kill Loftschicht. Doraus entstinn dann gréisser Reegebitter, duerch déi et zu onwiederaartegen Entwécklunge komme kann. Grouss Iwwerschwemmungs-Wiederlagen aus der Vergaangenheet sinn änleche Wiederlagen zouzeschreiwen, wéi deemools am Joer 2021.
Esou Vb-Déifdrockgebitter entstinn, wa kill Loftmassen aus Norden/Nordwesten op d’Mëttelmier/an de Golf vu Genua fléissen. Duerch d’Héichtestréimung zéien dës dann meeschtens vun do aus a Richtung Nordosten an erreechen mat hirem Kär Länner wéi Éisträich, Polen an Tschechien. Et kënnt awer och ëmmer erëm vir, dass se dann vun do aus a Richtung Nordweste bis Westen ofgelenkt ginn an dann e gréisseren Tour iwwert de Kontinent maachen. An eben do, wou dann déi sougenannt “Aufgleitniederschläge” optrieden (waarm Loft trëfft op kill Loft um Buedem) kënnt et dann zu markante Reequantitéiten – zumools am Summer.
Déi agefüügt Grafiken baséieren op engem Beispill vun der Berechnung vum amerikanesche Modell GFS, déi gëschter Owend erakoum. An dëser gouf, eben duerch dës Wiederlag, den Hotspot vum Reen knapp nërdlech vu Lëtzebuerg berechent, dat mat iwwer 100 l/m² Reen.
Wéi komplizéiert dës Wiederlagen sinn, weisen awer d’Modell-Leef déi duerno koumen an och Berechnunge vun anere Modeller. Dësen no soll et éischter iwwert dem Süden oder och dem Oste vun Däitschland zu dëse potenziell geféierlechen “Aufgleitniederschläge” kommen. Heescht also, dass et genee dorop ukënnt, wou sech déi ronderëmgewéckelt waarm Loft erëm iwwert déi kill Loft op der anerer Säit vum Déif ka leeën – wat awer dann och vum geneeë Lafwee vum Déif selwer ofhänkt.
Dëst ass déi aktuell Berechnung vum europäesche Modell ECMWF vum Dënschdemoien. An dëser gëtt iwwert dem Süde vun Däitschland e massivt Dauerreen-Onwieder mat Reequantitéite vun iwwer 200 l/m² berechent.
Fir déi selwecht Zäitspaan gesäit den amerikanesche Modell de Reen iwwert dem Osten a Norden vun Däitschland.
Fazit bis ewell
Mir gesinn unhand vun de Kaarten, wéi d’Gebitter mat de gréisste Reenzommen nach vill hin an hier sprangen. Dohier kann een aktuell just deen Fazit zéien, dass wuel iergendwou iwwer Mëtteleuropa eng massiv Onwiederlag duerch Dauerreen an Iwwerschwemmunge kann optrieden. Wat mir elo maachen ass, d’Situatioun genee am Aen ze halen an ze kucken, wat déi nächst Modell-Leef esou bréngen. Ween wees, fläit kristalliséiert sech jo geschwënn eng Tendenz eraus, déi all d’Modeller esou gesinn. Hoffe mir, dass sech net fir de Raum Lëtzebuerg “entscheet” gëtt – woubäi esou eng Wiederlag fir keen schéin ass.