Schaarf Loftmassegrenz um Mëttwoch

De Mëttwoch leet sech eng Loftmassegrenz iwwer Lëtzebuerg.

Schaarf Loftmassegrenz iwwer Lëtzebuerg méiglech

D’Wiedermodeller rechne fir muer de Mëttwoch, 08. Juli 2020, mat enger schaarfer Loftmassegrenz. Dës zitt sech vum südlechen England iwwert de Norde vu Frankräich eriwwer iwwer d’Belsch, Lëtzebuerg, d’Mëtt vun Däitschland, de Süde vun Tschechien bis an de Süde vu Polen eran.

D’Loftmassegrenz um Mëttwoch (ICON – wxcharts.com)

Gréisser Temperaturënnerscheeder méiglech

D’Kombinatioun aus dem Azorenhéich, engem weideren Héich iwwer Rumänien, engem Déif iwwert dem Nordoste vu Finnland an engem weideren Déif nordëstlech vun Island léisst d’Loftmassegrenz viraussiichtlech méi oder manner genee iwwer Lëtzebuerg schläifen. Um Mëttwoch ginn zu Lëtzebuerg Maximaltemperature vun tëscht 16 an 23 Grad areecht – am Norde kann et, ebe wann d’Loftmassegrenz genee iwwer Lëtzebuerg verlafe sollt, däitlech manner waarm ginn wéi am Süden. Dëst weist, wéi “schaarfkantëg” dës Grenz ausfale kéint.

Eng aner Auswierkung, wéi dass d’Temperaturënnerscheeder zimmlech schaarf ausfale kéinten an dass eis um spéidere Verlaf vum Mëttwoch eenzel Schauere bevirstoe kënnen, huet dat Ganzt awer net. Et ass einfach just interessant op de Kaarten unzegesinn.