Schnéi a Stuerm an der neier Woch?

Déi aktuell Wiedermodeller bleiwen um selwechte Stand, wéi virun zwee Deeg nach. Se rechnen domadden, dass demnächst rëm méi Beweegung an d’Spill kënnt.

Stuermpotenzial an der neier Woch

Mat Stuermstéiss vu bis zu 117 km/h si mir den 3. Januar ënnert den Afloss vum Orkandéif Eleanor gerooden, dem éichte staarke Stuerm vun dësem Joer. A noer Zukunft hëllt d’Stuermwahrscheinlëchkeet rëm zou.

De Modeller no wärt daat schon um Méinden de Fall sinn, wou eis e Frontesystem vun engem Stuermdéif passéiert. Den amerikanësche Wiedermodell rechent de Moment vun den Owesstonnen un mat staarke Wandstéiss, déi lokal och an de Stuermberäich geroode kënnen. Bis zu 90 km/h ginn de Moment simuléiert. Den ARPEGE gesäit daat ganzt ähnlech.

Grafik: WXCHARTS.EU

E weidere potenziellen Datum wou ët stiermë kéint ass d’nächst Woch den Donnëschden. Duerch zwee Faktoren ass daat awer nach als zimmlech onsëcher anzestufen: Ët ass nach laang bis dohinner an daat simuléiert Stuermfeld schéngt e Schnellleefer ze sinn. Schnellleefer si souguer nach Stonne virdrun onméigleg genee virauszesoen. Wann ët awer sou antreffe sollt, waat een awer bezweifle kann, wiere Stuermstéiss vu bis zu 115 km/h nët auszeschléissen.

Grafik: WXCHARTS.EU

Schnéi spillt och eng Roll

Vun der neier Woch un fléissen op 850 hPa, also op 1,5 km Héicht, méi kill Loftmassen eran. Doduerch geet bei eis de Risk vu Schnéischaueren rëm an d’Luucht. Aktuelle Simulatioune no gesäit ët nët all ze onwahrscheinlëch aus, dass ët vum Dënschden un rëm méi oft zu Lëtzebuerg schneie kéint. Haaptsächlech betraff wieren déi héchst Plaatze vum Land, also gréisstendeels de Norden. Soubaal een méi genee Prognose maache kann, gidd Dir dozou um Laafende gehaalen.

Simuléiert Schnéihéichte vum Dënschden bis den 24. Januar. Stand: 12.01.2018 19:36 Auer. Grafik: WXCHARTS.EU