Schnéi a Stuerm um Sonndën

De Freiden koum ët schon op ville Plaatzen zu spigelglaate Stroossen, wouduerch eng Rei Accidenter geschitt sinn. De Sonndën (10.12) gëtt ët rëm geféierlech op de Stroossen.

Staarke Schnéi

Vun de fréie Moiesstonnen un setzt de Schnéifall an, deen och mol méi laang unhaale kann. Dësen wärt sëch a Richtung Virmëtten a Mëtten intensivéieren, soudass ë puer Zentimeter Neischnéi a kuerzer Zäit méigleg sinn. Am Norden sinn 5 bis 10 cm duerchaus méigleg, lokal eventuell bësse méi. Och am Süden ass mat enger Schnéicouche ze rechnen, bis ëm déi 5 cm sinn dran.


Akkumuléiert Schnéiquantitéit bis 13 Auer. Grafik: meteociel.fr

Vum fréie Nomëtten un klammen d’Temperature no a no an de Plusberäich. Virdéicht wärt de Schnéi am Süden a Reen iwwergoen, am weidere Verlaaf vum Nomëtten och am Norden. A Richtung Owend wärten d’Temperaturen am Süden bis lokal op 7 Grad geklomme sinn, am Norden wärten se zwëschen 1 an 3 Grad leien. De Schnéi deen gefall ass wärt also rëm séier schmëlzen. Während dem Iwwergang vum Schnéi zu Reen besteht kuerzzäitëg d’Wahrscheinelechkeet vu Glëtz. Ët ass also vir lues ze maachen.

Stiermësch

Vum Nomëtten un fänkt ët un ëmmer méi lëftëg ze ginn. Spëtzte vu bis zu 75 km/h sinn am ganze Land méigleg. Um spéiden Owend ereecht de Wand säi Maximum. Virun allem op de Koppe kann ët zu Spëtzte vun 85 km/h kommen. An der Nuecht op de Méinden wärt de Wand vir eng kuerz Zäit méi schwaach ginn.


Héchst Wandspëtzte vir de Sonndën. Grafik: meteociel.fr