Schnéi Update: Amerikanesche GFS rechent Enn der Woch mat Wanterwieder

Wéi gesot, halen ech Iech iwwer d’Ännerungen an der Modellwelt zur Thematik ronderëmt de Schnéi um Lafenden. Et gi Neiegkeeten.

Mir kucken an dësem Artikel op déi immens interessant Berechnunge vum amerikanesche Wiedermodell GFS an och drop, wat dann déi aner Modeller dozou soen. Well wéi Dir wësst: eng Medaille huet ëmmer zwou Säiten. Dowéinst gi mir détailléiert, sachlech an objektiv duerch déi nächst Zeilen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent domat, dass sech fir de nächste Sonnden/Méinden (29./30. November 2020) eng wanterlech Wiederlag mat Schnéi zesummebraue kéint. Resultéiere géif déi aus folgende Grënn:

  • En Déifdrockgebitt, wat de Mëttwochowend mat sengem Kär iwwert dem südleche Portugal leie soll, soll sech de Sonnden a Richtung Italien virubeweegen

  • Wärend dësem Prozess soll um Atlantik tëscht dem Azorenhéich an dem héije Loftdrock iwwer Skandinavien e weidert Déif forméieren, wat mat séngem Kär virun der Küst vu Portugal laanschtzéie soll a sech bis de Méinde virun Afrika positionéiere soll.

  • Duerch héije Loftdrock, dee sech vu Skandinavien hier bis a Russland erstreckt, solle mir ënner eng kill nordëstlech bis ëstlech Stréimung geroden

  • De Méindenowend kéint sech aus den Alpen eraus en Déifdrockgebitt forméiere, wat séier iwwer Däitschland a Richtung Norde virunzitt an de nächste Mëttwoch vun déiwem Loftdrock iwwert dem nërdleche Skandinavien opgefong gëtt.


Di grad beschriwwe Grousswiederlag laut dem amerikanesche GFS vum 23.11.2020 18UTC | Grafik: wxcharts.com

Wat géif dat bedeiten?

Sollt dës Konstellatioun un Drockgebitter a Verlagerungen tatsächlech esou zustaane kommen, da géif eis um kommende Samsdenowend/Sonnden en uerdentleche Schwall u polare Loftmassen aus Russland areeche kënnen, deen d’Temperaturen definitiv op e wanterleche Niveau erofdrécke géif – och am Dag. Dëst wier awer, wéi et de Moment ausgesäit, nëmme kuerzfristeg de Fall. A Saache Schnéi gëtt et awer eréischt méi interessant, falls sech wierklech dat ugeschwat Déifdrockgebitt, wat vun den Alpen hier a Richtung Norde virunzéie soll, forméiere sollt. Dëst Déif kéint nämlech op sengem Wee net nëmme kill Loftmassen, mee och nach méi fiicht Loft virdéischt aus dem Mëttelmierraum unzaapen a wärend dem Méinde selwer, iwwerdeems d’Déif a Richtung Dänemark virunzitt, och fiicht Loftmasse vun der Nordséi. Kuerzgesot géif dëst Déif dozou féieren, dass mir net méi ënner enger dréchener ëstlecher Stréimung leie géife, mee ënnert enger killer a fiichter Nordweststréimung – den Zenario deen mir bréichten, fir dass et och bei eis schneie kann. Wéi den amerikanesche Modell et gesäit, soll dëst vum Méindenomëtte bis an d’Nuecht op den Dënschden era kuerz kënnen de Fall sinn, ier eis 1. d’Nidderschléi verloossen an a Richtung Deeg drop och 2. di polar Loftmassen.

Di zweet Säit vun der Medaille

Sou schéi wéi dat fir d’Wanterfrënn ënnert Iech klengt, déi aner Modeller gesinn déi ganz Situatioun e bëssen anescht. Den europäeschen ECMWF rechent och domat, dass déi zwee Déifdrockgebitter, déi vum Atlantik aus komme, sech eng Kéier tëscht dem afrikanesche Kontinent & Portugal/Spuenien an och iwwert der Géigend vun Italien orientéieren. Duerch d’Dynamik aus dem déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an dem héije Loftdrock iwwert dem nërdlechen Europa géifen zwar schonn méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg kommen, mee ebe net sou intensiv. Dëst huet domat ze dinn, dass den ECMWF net domat rechent, dass sech e klengt Déif aus den Alpen eraus entwéckle soll, wat dann iwwer Däitschland iwwer Dänemark weider zéie soll. Et feelt! Dat hätt deen Effekt, dass di polar Loftmasse net esou wäit an de Westen, also an eis Richtung, iwwergräife kéinten. Et géif wanterlech kill ginn, mam Potenzial vu glate Stroosse, mee Schnéi wier an dëser Situatioun onwarscheinlech. Réischt den Dënschdenowend, 2. Dezember, soll et kuerz méi knackeg kill kënne ginn an der Héicht. D’Keelt kéim awer aus ost-nordëstleche Richtunge, wouduerch Nidderschléi an domat och Schnéi erëm immens onwarscheinlech wieren.


Di e bëssen aner Säit vum europäeschen ECMWF, simuléiert den 23. November 12Z | Grafik: wxcharts.com