Schnéi Update: De Méindenowend kéint et dëse Modeller no esouwäit sinn

Sou séier kann et an der Wiederwelt ëmschloen: direkt eng Rei Modeller berechnen fir de Méindenowend d’Warscheinlechkeet vum éischte Schnéi, haaptsächlech op de Koppen. Titelbild: lausitznews.de

Ëmschwong

Nach gëschter huet et esou ausgesinn, wéi wann dat rouegt Héichdrockwieder nach bis op mannst de nächste Mëttwoch esou wéi et elo ass bei eis bleiwen géif. Den europäeschen ECMWF huet de Moie fréi dunn awer ugefong en interessanten Zenario ze rechnen, wou och aner Modeller an Tëschenzäit där selwechter Meenung sinn.

Ier dësen Artikel ugeet: e baséiert sech voll a ganz op déi aktuell Berechnungen. Bis de Méinden ass et nach e bëssen, dowéinst kënnen ëmmer nach gréisser Ännerungen optrieden. Stand: 27.11.2020 – 18:47.

Situatioun

Iwwerdeems gëschter nach haaptsächlech domat gerechent gouf, dass mir et och am Ufank vun der nächster Woch mat stabilem Héichdrockafloss ze dinn hunn, gesäit dat ganzt an Tëschenzäit schonn erëm bëssen anescht aus. Dëst ass awer och e gutt Beispill dofir, wéi variabel d’Modellrechnungen de Moment sinn. Et sollt een déi nächst Zeilen dowéinst mol nach mat Virsiicht genéissen.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag um Méindenowend/Dënschdemoien | Grafik: wxcharts.com (Edit Météo Boulaide)

D’Situatioun ass déi, dass eisen Héichdrockafloss méi oder manner aus nërdleche Richtungen hier kann “agequetscht” ginn – dat duerch en Déifausleefer, dee vun Dänemark hier mat sengem Kär a Richtung Däitschland/Polen virunzitt. Hannendrun bréngt dësen Déifausleefer e Schwall u polare Loftmassen aus dem héije Norde bei eis, wouduerch déi “gewënscht” Nordweststréimung kuerzzäiteg zustane kéim. Dës ass nämlech a ville Fäll dofir néideg, dass et tatsächlech schneie kann. Fiicht, mee och kal genuch Loftmasse kommen esou zesummen. Haaptsächlech betraff ass viraussiichtlech den Osten, d’Mëtt an de Süde vun Däitschland. Do kann et deelweis bis méi wäit erof wäiss ginn. A bei eis?

  • GFS:
  • Wéi den aktuellen amerikanesche Wiedermodell GFS et gesäit (Run: Freiden, 27. Nov. 2020 12Z), soll de Virstouss vu fiichten a polare Loftmassen an der spéiderer Nuecht op den Dënschde bei eis ukommen. De Modell huet fir Lëtzebuerg keng konkret Schnéisignaler dran, mee wann ee sech d’Loftmassen ukuckt an den Zäitpunkt, un deem de Nidderschlag méiglech ass, dann ass et méiglech, dass déi allerhéchst Koppe vum Land op mannst Schnéireen ze gesi kréien.

  • ECMWF:
  • Den aktuellen ECMWF rechent schonn um méi fréie Méindenowend mat der Front aus Nordwesten. Dobäi soll et am Ufank nach reenen, mee wat méi kill Loftmassen eragefloss komme, wat am Laf vum Owend a vun der Nuecht d’Warscheinlechkeet vu Schnéireen an d’Luucht geet. Um Buedem ass et viraussiichtlech zimmlech kill, doduerch kann deen Szenario zustane kommen, dass de Nidderschlag aus kille Loftmassen erof a waarm Loftmasse fält an dann kuerz ier en hei ënne bei eis ukënnt erëm a kal Loftmassen. Doduerch besteet de Risk vu Glëtz.

  • ICON:
  • Den däitschen ICON ass där Meenung, dass d’Front um spéide Méindenowend bei eis ukënnt a rechent deelweis bis an déi méi déif Lagen mat den éischte Schnéiflacke fir d’Saison. Och dobäi ass awer d’Warscheinlechkeet vu Glëtz an/oder Schnéireen. Am warscheinlechste sinn d’Flacken op de Koppen op ëm 420 Meter an driwwer.

  • ARPEGE:
  • Den ARPEGE bréngt eis de Moment déi optimisteschst Berechnung. Dësem Modell no soll et vum spéidere Méindenowend un bis bal ganz erof wäiss ginn, dat mat Quantitéite vun tëscht 1 an 3 cm. Wéi gesot, sinn dës Wäerter awer nach mat grousser Virsiicht ze genéissen.

    Den aktuelle Fazit:

    Probéiert ee mat de genannte Modellrechnungen iergendwéi op e gemeinsame Nenner ze kommen, da kënnt et dobäi eraus, dass d’Warscheinlechkeet vu Flacken um spéidere Méindenowend/an der Nuecht op den Dënschden tatsächlech besteet. Aus aktueller Siicht gesinn soll dat awer haaptsächlech op den héchste Koppen de Fall sinn, iwwerdeems sech alles, wat ënner ca 420 Meter läit, mat enger gréisserer Sécherheet mat Schnéireen misst zefridde ginn. En Intermezzo aus bësse Schnéi, Schnéireen, Glëtz a Reen ass och méiglech. Fest steet op alle Fall: et ass eng eemoleg Saach. Dëst ass keng nohalteg wanterlech Situatioun an als Wanterabroch kann een och dëst net wierklech bezeechnen.

    Duerno gëtt et kuerz méi mëll, ier sech déi nächst Chance schonn méiglecherweis fir de nächste Weekend resultéiert. Mee dëst ass héich spekulativ.