Schnéi-Update: Weiderhi punktuell kleng Chancen op “wäiss Chrëschtdeeg”

Un d’Wiederlag, wéi mir se déi lescht Nuecht haten, hate mir eis zanter dem 11. Dezember no a no erugetaascht. Elo kucke mir ob d’Reschter dovun fläit iergendwou fir wäiss Chrëschtdeeg kënne suergen.

Advertisement

Bis zu 10 Zentimeter an der vergaangener Nuecht

An der leschter Nuecht ass d’Grousswiederlag, wéi mir se zanter dem 11. Dezember ëmmer erëm analyséiert hunn, agetraff. D’Kombinatioun aus engem Héich virun der Westküst vu Portugal an déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien huet dozou gefouert, dass sech bei eis kill mee och fiicht Loftmassen zesummefonnt hunn. Fir de Schnéi huet dunn d’Kalfront vun engem klenge Randdéif gesuergt, wat sech vun der Nordséi hier a Richtung Ostséi verlagert huet.

Wat d’Schnéihéichte betrëfft, gouf kuerz no 4 Auer de Moien e Maximum vun 10 Zentimeter erreecht, dat un der ASTA-Statioun zu Reiler. Mee et ware net nëmmen d’Koppen: D’ASTA-Statioun an der Stad huet e Maximum vun 3,2 cm gemooss, esouguer d’ASTA-Statioun zu Gréiwemaacher war mat 3,4 cm dobäi. Verschiddene Fotoe no schéngt wuel nach en Tick méi geleeën ze hunn. Obwuel dës Schnéiquantitéite net déi gréisst waren, hu glat Stroosse fir markant Probleemer gesuergt.

Wéi ass et mat wäisse Chrëschtdeeg?

An Tëschenzäit ass villes vum Schnéi schonn erëm fort, zu Reiler ass et nach e knappen Zentimeter, soss ass e net méi der Ried wäert. Sollt déi minimal Couche zu Reiler nach bis an d’Nuecht duerchhalen, da kéint anch eng kleng Chance bestoen, dass do – an och op anere Koppe, wou nach änlech vill läit – e bëssen eppes fir Hellegowend a Chrëschtdag iwwereg bleift.


D’Entwécklung vun der Schnéicouche bis Chrëschtdag laut ECMWF-Modell. An der Äifel ginn et déi allerbescht Chancen | Animatioun: wxcharts.com

An der Nuecht ginn d’Temperaturen do uewe nämlech op de Gefréierpunkt zréck, fir muer gi Maximalwäerter vun 1 oder 2 Grad berechent. Sollt awer nach eppes vun der minimaler Couche iwwereg sinn, da kann dat dofir suergen, dass d’Temperaturen en Tick méi niddereg leie wéi berechent. E weidere Faktor, deen géif hëllefen, wier eng dréif Niwwel-Landschaft.

Domat besteet op de Koppe vum Land nach eng minimal Warscheinlechkeet, dass et un Hellegowend an och u Chrëschtdag nach zu e puer klenge wäisse Flecken an de Wise ka kommen. Ob een dat awer als wäiss Chrëschtdeeg ka bezeechnen, ass subjektiv.