D’Donnerwiederserie geet weider: Nach bis de Freide muss emmer rem mat staarken Donnerwiedere gerechent ginn.
D’Atmosphär ass mat enger grousser Energie gelueden, déi sech haut um Dënschden punktuell iwwer Mëtteleuropa verdeelt entluede wärt. Virun allem betraff wärt d’Mëtt, de Westen an de Nordweste vun Däitschland sinn. Lëtzebuerg läit um Rand vum bewarnte Gebitt, soudass de Risk bei eis net all ze grouss ass. Haalt d’Wiederlag haut awer trotzdem am Aen, daat entweder duerch d’Wiederwarnungen oder d’Météo Boulaide Facebooksäit. Wa Dir méi genee wësse wellt, waat rondrëm Lëtzebuerg alles méigleg ass, kënnt Dir Iech daat hei ukucken.
HINWEIS: Et wärt nach laang net jiddereen, deen an engem Risikogebitt läit, och getraff ginn! Punktuell an enk begrenzt kann et haut awer zu zolitten Entwécklunge kommen, virun allem iwwer Däitschland.