D’Wiedermodeller bleiwen dobäi, dass et an de nächsten Deeg zäitweis méi variabel gëtt. Bei de berechnete Quantitéiten handelt et sech och dës Kéier ërem meeschtens ëm potenziell Donnerwieder, déi zwar optriede kënne mee NET mussen. Vu sou gutt wéi näischt bis zu 20 l/m² ass alles dran.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat 3 bis 12 l/m². Dat mannst soll dësem Modell no an der Mëtt wéi awer och am Weste vum Land falen, iwwerdeems et un der äusserster Nordspëtzt am naasste sollt ginn.
Den europäesche Modell ECMWF rechent mat 4 bis 12 l/m². De naasste Punkt soll dobäi den äusserste Nordweste vum Land ginn, iwwerdeems soss mat ëm 6 l/m² ze rechne wier. Am Südweste vum Land soll et mat 4 l/m² am dréchenste bleiwen.
De franséische Modell ARPEGE rechent mat 11 bis 19 l/m², dat souguer zimmlech flächendeckend – wat awer héchstwarscheinlech mat der manner détailléierter Opléisung vum Modell selwer ofhänkt.
Den däitschen ICON berechent pessimistesch 0 bis 1 l/m². Et kann ee quasi elo scho soen, dass et vereenzelt Plaze wäert ginn, wou dës Quantitéiten tatsächlech kéinten agehale ginn.
Wou et demnächst reent, ass eng Gléckssaach. D’Modeller maachen et engem de Moment immens schwéier, eng korrekt a verlässlech Prognos zu de Reequantitéiten ze maachen. ⛈