Modellgeflüster: September kéint aussergewéinlech waarem ginn

Dëst Joer ass emmer rem vir weider Iwwerraschunge bereet. Wann een d’Modeller sou kuckt, kéint de September iwwerduerchschnëttlech waarem ausfaalen.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Huet den Hierscht keng Chance?

Dësen Artikel baséiert haaptsächlech op de Modellleef vum Dënschdenowend (11. September 2018), Ännerunge sinn demnächst nach méigleg. Bleift et sou wéi de Moment, da wärt de September iwwerduerchschnëttlech waarem ausfaalen. Och waat d’Nidderschléi ugeet, wärt et naass genuch ginn.

Um GEFS Ensemble ass dëse Verlaaf gutt ze erkennen. Vum Samsden un (15. September) klammen d’Temperature rem Stéck vir Stéck, soudass ëmmer méi mat summerlëchen Temperaturen uechtert Land ze rechnen ass. Bis den 18. September sollt dës Erwiermung unhaalen, iwwerdeems et och kaum zu Nidderschléi komme wärt. Et ass héchstens mat e puer ganz vereenzelte Schaueren oder Donnerwiederen ze rechnen, vun deene wuel nëmmen déi wéinegst Leit eppes matkréie wärten.

Spannend gëtt et ab dem 19. September, wou momentane Kenntnisser no d’Onsëcherheet markant an d’Luucht goe wärt. Entweder et geet vun dann un bis Enn September summerlëch virun oder d’Werter faalen kontinuéierlech a kommen iergendwann am hierschtlëche Beräich un. Sollt daat antreffen, da wier och mat méi Nidderschléi ze rechnen.

Klenge Modellverglach

Waat d’Temperaturanomalie ugeet hunn d’Modeller ECMWF an den GFS zwar ähnlech Werter dran, an awer sinn se ënnerschiddlech. Den ECMWF gesäit déi gréisst Anomalie vir Deeler vu Groussbritannie kommen, während de GFS daat ganzt manner markant rechent an e Stéck weider östlech iwwer Mëtteleuropa. Alles an allem géif den zwee Modeller no d’Anomalie Mëtt September bei 8 Grad iwwert der 30-Joeres-Moyenne leien.

GFS 850 hPa Temperaturanomalie

ECMWF 850 hPa Temperaturanomalie