Shortie: De Weekend kéint et kuerz méi waarm ginn, duerno lefteg

Un dëser Plaz géif ech gäre mat Iech en éischte Bléck op de Weekend geheien. Et kéint nämlech nach eng Kéier kuerz bësse méi waarm ginn.

Wéi d’Modeller GFS an ECMWF et gesinn, soll sech Enn der Woch en Déifdrockgebitt iwwert dem Weste vu Frankräich akréngelen, duerch dat kuerzzäiteg erëm méi mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ugezapt ginn. Sollt et esou komme wéi de Moment berechent, kéint et de Freiden an och de Samsden eventuell nach eng Kéier fir ongeféier tëscht 18 an 20 Grad (oder liicht driwwer) duergoen… mee mol kucke wat déi nächst Modellleef bréngen. Duerno soll de Weekend bësse méi lefteg verlafen, haaptsächlech den ECMWF gesäit de Sonnden d’Méiglechkeet vu stiermeschem Wand.


Waarm Loftmasse gi kuerzzäiteg op Lëtzebuerg gelenkt | Grafik: wxcharts.com

Dëst ass natierlech keng Prognos, mee einfach e klengen Iwwerbléck iwwert déi momentan Berechnungen. Et ass ëmmer erëm interessant ze kucke, wat am Endeffekt wierklech dobäi erauskënnt.