Silvester: Joreswiessel 2022/2023 kann de wäermsten zanter Opzeechnungsufank ginn

Silvester steet virun der Dier. An de Wiedermodeller no kann de Joreswiessel op 2023 de wäermsten zanter Opzeechnungsufank ginn.

Grouss Temperaturanomalien

An de nächsten Deeg ereechen eis vill ze waarm Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa. Dat heescht engersäits, dass et dëst Joer definitiv näischt méi mat Wanter gëtt. Anerersäits gëtt doduerch de wäermste Silvester zanter Opzeechnungsufank méiglech.


D’Temperaturanomalien op 2 Meter fir d’Silvesternuecht | Grafik: wxcharts.com

Dës waarm südwestlech Stréimung kënnt duerch staarken Déifdrockafloss iwwert der Nordséi & de britteschen Inselen zustanen, iwwerdeems mir et a Richtung Mëttelmier & Balkan mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Doduerch kann iwwer Mëtteleuropa eng Temperaturanomalie vu gutt 10 Grad op 2 Meter Héicht erreecht ginn.

14,7 Grad musse geknackt ginn

Fir dass Silvester de wäermste Joreswiessel zanter op mannst 1947 gëtt, muss d’Temperatur de Rekordwäert vu 14,7 Grad iwwertreffen – dëse Wäert ass de 17. Dezember 2019 um Findel gemooss ginn. Geschitt dëst, ass et net nëmmen de wäermste Joreswiessel bis ewell, mee och de wäermsten Dezemberdag deen jeemools un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel opgezeechent gouf.


Déi berechent Temperatur fir de Silvesterdag 2022, ECMWF | Grafik: wxcharts.com

D’Wiedermodeller rechne fir de Samsde mat Maximaltemperature vun tëscht 12 a 15 Grad am Norden, an der Südhallschent geet et op tëscht 14 a 16 Grad erop. Eenzelne Modellrechnunge no kéinten ganz am äusserste Südosten och mol 17 Grad erreecht ginn.

Fir Mëtternuecht sinn d’Modeller mat 10 bis 12 Grad ënnerwee.

Et ass nach e bësse bis dohin, mee sollt de momentanen Trend bäigehal ginn, da sinn d’Chancen definitiv do.