SkyWatch

Radar & aktuell Hiweiser a Warnungen

Thunder Map
ALLGEMENG SITUATIOUN: En Donneschden ass vill an eiser Wiederkiche lass. Knapp westlech vun de britteschen Inselen läit de Kär vum Ex-Hurrikan ERIN, deen seng Kalfront a Richtung West- a Mëtteleuropa dréckt. Zur selwechter Zäit forméiert sech iwwert dem Oste vun Däitschland e klengt Randdéif. E weidert kënnt um spéiden Donneschdenowend/Iwwergang zur Nuecht op e Freide vu Westfrankräich an d'Spill, mee dat weist säin Effekt net méi innerhalb vun der Lafzäit vun dësem Donnerwieder-Outlook. Fest steet: Iwwert eise Käpp geet villes vu sech, wat zumools an Deeler vun der Schwäiz an Italien fir schro Onwieder ka suergen. Dës sinn an dësem Outlook aus Opwands- an Zäitgrënn net opgefouert. Mat dëse Wieder gesot kann een och direkt ënnersträichen, dass iwwert dem fir eis relevanten Deel vum Kontinent keng klassesch Onwiederlag usteet. Et sinn alt erëm just e puer eenzel Zellen/Segmenter, déi mol e bëssen aus der Rei kënnen danzen. KLENGE RISK (Niv. 2/5): E KLENGE RISK (Niv.: 2/5) gëllt fir e méi definéierte Beräich, deen sech vu Nordostfrankräich iwwert de Nordweste vu Baden-Württemberg, Deeler vum Saarland, Rheinland-Pfalz bis a Nordrhein-Westfalen eran erstreckt. Doriwwer eraus sinn och Deeler vu Niedersachsen an Hessen enthalen, esouwéi och den äusseren Oste vun der Belsch an Holland. An dësem Beräich wäerte sech am Laf vum Dag willkürlech e puer Konvergenzzonen ausbilden, déi vun engem CAPE vun tëscht 200 an deels 600 J/kg ënnerstëtzt ginn. Hiewung an Energie hu mir jo dann, feelt just nach Scherung: Dës (vertikal Scherung) ass mat 0-1 km Wäerter vu bis ëm 20 kt an 0-6 km Wäerter vu bis zu 40 kt (deels 60) present. Zousätzlech weise Komposit-Kaarten an Hodografen, dass och d'Richtungsscherung net ganz ze ignoréieren ass. Dann och nach d'"Precipitable Water"-Wäerter, déi mat 20 bis 35 mm, deels och ëm 40 mm ënnerwee sinn. Dëse Cocktail deit un, dass et am definéierte Beräich net iwwerall mee punktuell zu méi kräftege Kandidaten ka kommen, déi haaptsächlech vu Staarkreen mat potenzielle gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit begleet ginn. Op zweeter Plaz ass de Risk vu stiermesche Wandstéiss, déi an dëse Fäll an de Beräich vun de 70-80 km/h kënne goen. Duerch d'Scherungswäerter an d'Iwwerlappung vun der Energie kënne vereenzelt Knëppelsteng net ausgeschloss ginn, fläit och mol mat Kärgréisste bis 2 cm am Duerchmiesser. Phänomeener mat Rotatioun, wéi eenzel kuerzlieweg Superzellen oder och mol en Tornado si keng Saach vun der Onméiglechkeet, mee se si net un déi grouss Glack ze hänken. ALLGEMENGE RISK (Niv. 1/5): Duerch déi immens ëmfangräich synoptesch Situatioun iwwert eisem Kontinent sinn op enger grousser Fläch generell einfach Dimmeren ze erwaarden. Dës sinn net ëmmer opfälleg, kënnen et an eenzelne Fäll awer mol an de warnrelevante Beräich packen. Haaptsächlech kann dat opgrond vu lokalem Staarkreen geschéien, anerersäits sinn an e puer wéinege Fäll Knëppelsteng esouwéi awer och stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss relevant. Den ALLGEMENGE RISK gëllt fir e grousst Gebitt, mee tatsächlech betraff sinn am Endeffekt och just e Brochdeel vun den doran enthalene Bewunner.