Sonnestuerm: Polarliicht-Prognos fir haut den Owend/Nuecht op den Dënschden

An der vergaangener Nuecht waren an eise Géigende Polarliichter ze gesinn, déi sozial Medien si voll mat spektakuläre Fotoen. Dës Nuecht sollen d’Chancen den Donnéeë no nach besser sinn, och bei eis zu Lëtzebuerg.

Titelbild: Mona Dienhart

Advertisement

Beandrockend Polarliicht-Siichtungen an der leschter Nuecht

An der vergaangener Nuecht ass e staarke geomagnéitesche Stuerm op d’Äerdmagnéitfeld getraff, duerch deen bis an eis Géigenden erof Polarliichter ze gesi waren. Mam Aen ware se net onbedingt sou gutt siichtbar, mee dofir awer per Fotoapparat & Laangzäitbeliichtung. Wéi de Space Weather Prediction Center schreift sollen d’Konditiounen an der Nuecht op den Dënschden esouguer nach besser sinn. Soubal et däischter gëtt kann ee sech also op d’Lauer leeën.

Prognos fir Nuecht op den Dënschden ass villverspriechend

De sougenannte Kp-Index gëtt eng ongeféier Erkenntnis doriwwer, bis wéi wäit erof d’Polarliichter siichtbar sinn. Bei engem Kp-Index vu 6 gesäit een se schonn op enger Sträif vun de britteschen Inselen, Dänemark, Skandinavien bis a Russland eran.


Wéi de Kp-Index ze verstoen ass | Grafik: lightsofvikings.com

De Moment gëtt e Kp-Index vu 7 gemooss, wat heescht, dass visuell Polarliichter esouguer am Norde vun Holland & Däitschland optriede kënnen. Fotografesch heescht dat, dass mir se mat grousser Warscheinlechkeet och bei eis zu Lëtzebuerg virun d’Lëns kréie, sollten d’Prognose korrekt sinn.

Esoubal et däischter ass a Richtung Norde kucken

Déi bescht Viraussetzunge, fir bei dëse Konditiounen d’Nordliichter ze gesinn, ginn et op engem fräie Feld wäit ewech vun all méiglecher Liichtverschmotzung. Well et warscheinlech net grad fir mam Aen visuell Polarliichter duergeet, bitt sech eng Kamera mat Laangzäitbeliichtung un. Sollten d’Prognosen zoutreffen, da sollt een esou mat gréisserer Warscheinlechkeet eppes virun d’Lëns kréien.


Polarliichter iwwer Lëtzebuerg, fotograféiert zu Bungeref den 18. Mäerz 2015 vum Mona Dienhart

Mee wéi ass et mam Wieder? Glécklecherweis hu mir et de Moment mat enger Héichdrocklag ze dinn. Fir d’Nuecht gi just e puer eenzel Niwwelfelder berechent, an dat nach laang net vun all Wiedermodell. D’Siicht an den Himmel sollt dem momentane Stand no also net wierklech beanträchtegt ginn.

Update: 27.02.2023 – 18:16: Aktuell Satelittebiller weisen, dass eis aus Däitschland awer e Pak mat dënne Wolleken erreeche wäert. Et bleift ofzewaarden, ob sech dës am Laf vun der Nuecht opgeléist kréien.