
E Samschdemëtte gëtt et tëscht 11:16 an 12:59 Auer um Lëtzebuerger Himmel en Tick méi däischter. Et weist sech eng partiell Sonnendäischtert.
Advertisement
De Mound beweegt sech mol erëm eng Kéier virun d’Sonnescheif
E Samschdemëtten ass et esouwäit: Et kënnt zu enger partieller Sonnendäischtert! Vun 11:16 Auer un dréckt sech de Mound vu rietser Säit aus iwwert den ieweschten Deel vun eiser Sonn. De Maximum gëtt um 12:07 Auer erreecht, dann ass d’Sonnescheif zu 13,5 % verdeckt. Schonn um 12:59 Auer ass de ganze Spektakel eriwwer, insgesamt dauert d’Däischtert 1 Stonn an 43 Minutten.

D’Däischtert gëtt also net esou markant wéi beispillsweis déi vum 20. Mäerz 2015: Deemools huet de Mound 73 bis 83 % vun der Sonnescheif verdeckt. An awer gëtt dringend ugeroden, och dës Kéier erëm mam richtege Schutz an d’Sonn ze kucken, beschtefalls engem spezielle Brëll fir Sonnendäischterten. Normal Sonnebrëller oder däischtert Glas ass kee richtege Schutz a ka séier zu Blessuren am Aen féieren.
Déi nächst Sonnendäischtert, déi däitlech méi markant wéi déi vum Samschde wäert ausfalen, ergëtt sech den 12. August 2026: Global gesinn handelt et sech ëmt eng total Sonnendäischtert, déi sech zu Lëtzebuerg als partiell Däischtert weist – dat allerdéngs mat enger bal komplett däischterer Sonn, se soll ëm eppes méi wéi 85% bedeckt sinn. De Maximum gëtt den 12. August 2026 um 20:15 erreecht. Wann d’Wieder dann stëmmt, weist sech en immens spektakulärt Schauspill iwwert dem westlechen Horizont.
Wéi gëtt d’Wieder?
Wéi d’Wieder fir déi elo ustoend Däischtert gëtt, kann ee nach net esou ganz genee soen. Momentane Modeller no gesäit et awer no engem Mix aus Sonn a Wolleken aus, deen eis ëmmer erëm e puer Schauere bréngt. Ännert sech doru näischt méi, da géif et net emol esou richteg opfalen, dass sech d’Sonn e bësse verdäischtert. Mir waarde nach e bëssen of a ginn en Update, esoubal et méiglech ass.