Spekulatioun: Wéi kéint de Summer a Punkto Temperaturen a Nidderschléi verlafen?

Wéi all Joer kucke mir eis virum meteorologesche Summerufank un, wéi d’Joreszäit aus enger méi spekulativer Siicht verlafe kéint.

Dësen Artikel baséiert op den Donnéeë vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA. Dës Berechnunge si méi als Estimatioune wéi als eng Prognos unzegesinn. Well se sech an de leschte Joren awer als net esou onzouverlässeg erausgestallt hunn, denken ech, dass ee Bléck op d’Kaarten nawell interessant kéint sinn.

Juni 2021

Grafiken: NOAA Temperatur, Reen

Fänke mir beim Juni un, deen zu Lëtzebuerg eng Duerchschnëttstemperatur vu 16,7 Grad opweist (gemooss un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel, Zäitspaan 1991-2020). Wat de Reen ugeet, si mir bei genee 73 l/m² ënnerwee. A wat seet den amerikanesche Laangzäitmodell fir de Juni 2021? Géif et dësem no goen, dann hätte mir et mat liicht iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen ze dinn: et gëtt eng Anomalie vun tëscht 1 an 2 Grad berechent, wat bedeit, dass de Juni duerchschnëttlech gesinn ëm bis zu 2 Grad méi waarm ausfale kann wéi e sollt. Amplaz bei 16,7 Grad kéinte mir also bei ëm 18/19 Grad ukommen. Wat de Reen betrëfft, gëtt eng neutral bis hin zu liicht negativ Anomalie berechent. Dem CFS no sollen Enn Juni duerchschnëttlech gesinn -0,2 bis -0,4 l/m² den Dag feelen. Verrechent mat der Duerchschnëttszomm vun 73 l/m², kéime mir bei +/- 61 l/m² bis 67 l/m² un.

Juli 2021

Grafiken: NOAA Temperatur, Reen

Mir fuere nom selwechte Prinzip fir de Juli virun, an deem wärend der Referenzperiod vu 1991 bis 2020 un der Wiederstatioun um Findel eng Temperaturmoyenne vun 18,7 Grad gemooss ginn ass. Dem amerikaneschen CFS no soll de Mount mat 0,5 bis 1 Grad méi wéi soss liicht ze mëll ausfalen. D’Duerchschnëttstemperatur vum Juli 2021 kéint sech also deem no tëscht 19,2 an 19,7 Grad apendlen. Wat de Reen ugeet wier fir dee Mount keng gréisser Anomalie ze gesinn, mir leie mat tëscht -0,2 a +0,2 l/m² an engem neutrale Beräich. Mir missten also am Raum vun de normalen 72,1 l/m² ukommen.

August 2021

Grafiken: NOAA Temperatur, Reen

Den August ass a Saachen Temperaturen éischter net opfälleg, méi dogéint awer wat d’Nidderschléi ugeet. Temperaturtechnesch sollt de Mount normal ausfalen, dat mat enger Duerchschnëttstemperatur vu ronderëmt dem Normalwäert, deen tëscht 1991 an 2020 gemooss gouf. Mir schwätze vun 18,4 Grad. Parallel dozou si fir ee Mount August 71,9 l/m² Reen normal, den amerikaneschen CFS gesäit awer am Duerchschnëtt tëscht 0,4 a 0,6 l/m² den Dag manner wéi normal. Rechent een dat op ee ganze Mount, da kéime mir bei engem ongeféieren Defizit vun tëscht 12,4 an 18,6 l/m² eraus. Déi tatsächlech Moyenne vum August 2021 kéint sech also, den aktuellen Donnéeë no, tëscht 53,3 a 59,5 l/m² apendlen.