Spëtzte vun iwwer 360 km/h: Kat. 5 Hurrikan DORIAN areecht nërdlech Bahamas

Zanter dem Sonndemëtten ass den DORIAN en Hurrikan vun der fënnefter an héchster Stuf. Zumols de Nordweste vun de Bahama-Insele gi schwéier getraff.

Stäerksten Hurrikan, dee jeemols iwwer d’Bahamas gezunn ass

D’Experte vum National Hurricane Center hu matgedeelt, dass den Hurrikan DORIAN de stäerkste Wirbelstuerm ass, dee jeemols un de Bahama-Inselen u Land gaang ass. D’Ëmgéigende vu Marsh Harbour kruten et vu gëschter Mëtten un (eiser Zäit) mat enger gemëttelter Wandvitesse vu knapp 300 km/h (298 km/h) ze dinn, an de Spëtzte solle souguer bis zu 362 km/h opgetruede sinn. Mëttlerweil ass d’Aen vum Stuerm duerch an zum Zäitpunkt, wou dësen Artikel geschriwwe gouf (02.09.2019 02:30 Auer) zitt d’Récksäit vum Stuerm iwwert déi genannt Géigenden. De Stuerm dréit eng Stuermflut mat bis zu 7 Meter héije Welle mat sech. Mat dobäi kommen enorm Reequantitéite vun 200 bis 500 l/m², am Extremfall souguer em 1000 l/m² – de Grond: De System zitt aktuell nëmme lues a Richtung Weste, soudass dësen de Nordweste vun de Bahamas nach bis de fréien Dënschdemoie beaflosse kann. De Stuerm wäert ouni Zweifel als richteg Katastroph an d’Geschichtsbicher agoen.

Video aus dem Aen vum Hurrikan vu Great Abaco , ier déi zweet Halschend duerchgezunn ass

Kär zitt knapp laanscht Ostküst vu Florida

An de leschten Deeg gouf et e grousst Gerätsels, wat déi genee Zuchbunn vum DORIAN ugeet. D’Modeller hunn ufanks drop higedeit, dass d’Aen vum Stuerm un der Ostküst vu Florida u Land treffe kéint. De neiste Stand ass awer elo deen, dass de Stuerm am Laf vum Méinden d’Handbrems zitt an dann kuerz virun der Südostküst vu Florida eng nërdlech Zuchrichtung aschloe wäert. Et ass soumat ze erwaarden, dass de System bis an déi zweet Wochenhalschend eran laanscht d’Ostküsten vun den USA zéie wäert. Dozou ziele Florida, Georgia, South Carolina, North Carolina an Enn der Woch eventuell Virginia, mee dat muss nach ofgewaart ginn.

Och wann d’Aen net a Florida u Land treffe wäert, kréie se awer e gutt Stéck vum Wandfeld an och vum Reen ze spieren. Fir eng Sträif vu West Palm Beach bis erop op Titusville huet de National Hurricane Center eng Hurrikanwarnung erausginn. Eng Virwarnung gëlt fir Boca Raton, Port Orange an Daytona Beach.

Op séngem Wee ëstlech vu Florida laanscht soll sech de Stuerm viraussiichtlech e Stéck ofschwächen, bleift awer ëmmer nach e Major Hurrikan mat op mannst der drëtter Stuf op der Saffir Simpson Skala.

Prognos vum National Hurricane Center (hurricanes.gov)