Spezial: Gëtt et erëm näischt mat engem schnéiräiche Wanter?

Mëtt September hu mir eis eng éischt Kéier d’Laangzäitberechnunge fir de Wanter 2020/2021 ugekuckt. Bei de Berechnunge sinn zwar mëttlerweil gréisser Differenzen opkomm, mee dës spillen dem Schnéi net wierklech an d’Kaarten.

Virwuert

Wéi Dir wësst, si Wiederprognose generell eng komplizéiert Wëssenschaft. Dësen Artikel ass, genee schonn wéi deen aus dem September wou mir déi selwecht Thematik behandelt hunn, eng Estimatioun/Spekulatioun. Dëst heescht awer net onbedingt, dass déi nächst Zeile net ze gebrauche sinn: oft kënnen dës Estimatiounen awer déi ongeféier Richtung uginn, an déi et an de nächste Méint goe kéint. Mir baséieren eis an dësem Artikel haaptsächlech op d’Laangzäitberechnunge vum Wiedermodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA, deen an de leschte Joren guer net mol sou verkéiert louch.

Desweidere soll, ier den eigentleche Contenu vun dësem Artikel ugeet, betount ginn, dass et sech bei de nächsten Zeilen haaptsächlech ëm Duerchschnëttswäerter handelt. Gëtt elo z.B gesot, dass ee Mount ze dréchen an ze waarm ausfale soll, da kann et trotzdeem sinn, dass kuerz méi kill a naass Phasen optriede kënnen (mat Schnéi, Frascht, etc.) – mee de Mount am Endeffekt, ebe just wat den Duerchschnëtt ugeet, awer ze waarm an ze dréchen ausfale kann.

Januar a Februar sollen ze waarm ginn

Grafiken: NOAA / NWS

Fänke mir mam Dezember un, deen a Saachen Temperaturen dem aktuelle Stand no mat normale Wäerter verlafe kéint. An engem Dezember läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg 1,8 Grad – e Wäert, op dee mir Enn Dezember, falls sech dës Simulatioun duerchsetze sollt, ongeféier zréckkucke kéinten. Am Januar fierft sech d’Kaart e bësse méi rout, et soll nämlech iwwerduerchschnëttlech waarm ginn. D’Duerchschnëttstemperatur an engem Januar läit bei eis bei 0,8 Grad, fir de Januar 2021 gëtt awer eng Anomalie vun tëscht 1 an 2 Grad gerechent. Dat heescht, dass d’Temperaturmoyenne vum Januar 2021 ëm 1 bis 2 Grad iwwert di generell Moyenne, baséierend op der Referenzperiod vun tëscht 1981 bis 2010, erausgoe kéint. Och am Februar wier mat enger änlecher Anomalie ze rechnen, do kéint d’Moyenne vun 1,6 Grad och ëm 1 bis 2 Grad iwwertraff ginn.

Keng all ze grouss Nidderschlagsanomalien

Grafiken: NOAA / NWS

Mëtt September gouf fir de Wanter 2020/2021 nach simuléiert, dass et ze naass géif ginn. Aus aktueller Siicht gesi muss een dës Ausso awer korrigéieren. Sou wéi et de Moment (Stand 29. Oktober 2020 – 01:26 Auer) ausgesäit, soll et am Dezember 2020 e bëssen ze dréche sinn. Tëscht 0,2 a 0,4 l/m² sollen duerchschnëttlech den Dag feelen, normalerweis reent et an engem ganzen Dezember 86,7 l/m². Verrechent een dat mat de Wäerter déi simuléiert ginn, da kéinte mir dëst Joer bei ongeféier (!) tëscht 74,3 an 80,5 l/m² erauskommen. An de Méint drop solle mir vum ze dréchene Beräich an en ze naasse rëtschen… op mannst mol liicht ze naass. Am Januar soll et an der Moyenne op den Dag gekuckt ëm 0,2 l/m² méi reene wéi soss. Bei engem Normalwäert vu 76,6 l/m² kéint et also sinn, dass mir am Endeffekt bei 82,8 l/m² landen. Zu gudder lescht kënnt dann och nach de Februar, dee warscheinlech den eenzege Wantermount ass, deen a Punkto Nidderschléi méi oder manner am neutrale Beräich Fouss faasse kéint. Normalerweis reent et an engem Februar 62,5 l/m². Der momentaner Simulatioun no sollte mir an engem neutrale bis ganz liicht ze héije Beräich ukommen – maximal bei duerchschnëttlechen 0,2 l/m² den Dag, déi méi wéi normal erofkomme kéinten. Verrechent een dat alles mateneen, da kënnt een op e Resultat vun tëscht de normalen 62,5 l/m² a 68,7 l/m² – also kaum der Ried wäert.

Wat huet dat alles elo ze bedeiten?

Sécherlech frot Dir Iech elo, wéi een déi geschriwwen Zeilen interpretéiere soll. Wat d’Temperaturen ugeet, hu mir aus aktueller Siicht gesinn den Dezember, deen dem ausgesichte Laangzäitmodell CFS no normal ausfale soll. Duerno kommen de Januar an de Februar, déi all eng gewëss positiv Anomalie opweise kéinten. Bei de Nidderschléi soll den Dezember dee Mount ginn, wou eis am meeschte Nidderschlag feele soll. De Januar an de Februar sollen awer neutral bis e bëssen ze naass ausfalen. Wann een elo dorop eraus wëll, eng Ausso iwwert déi méiglech Situatioun mam Schnéi & och kale Phasen ze maachen, da kann ee folgendes soen: D’Anomalien, wat de Nidderschlag betrëfft, sollen all net wierklech grouss ausfalen. Zesumme mat dem liicht ze dréchenen Dezember an de bësse méi naasse Januar a Februar kéinte mir op de Wanter gekuckt e bësse méi Nidderschléi kréie, wéi normalerweis. Iwwerlappt een dës Ausso elo mat der Temperatur, wou mir et just am Dezember mat normale Wäerter kéinten ze dinn hunn an am Januar wéi och Februar net, da kënnt een op de Fazit, dass wanterlech Phasen mat keelt a Schnéi op kee Fall onwarscheinlech sinn. Wa mir eis elo z.B kuerz nëmmen op den Dezember bezéien, da kann et vun de berechnete neutralen Temperaturen aus e normale Wantermount ginn – just misst een dann, well jo liicht ze mann Nidderschléi berechent ginn, hoffen, dass et tëschenduerch dann awer mol naass gëtt. Esou ass also am Dezember typescht Wanterwieder méiglech. Am Januar wéi och am Februar dréint sech de Spiess bëssen: mir hunn zwar saat Nidderschléi déi berechent ginn, mee parallel dozou sollen d’Temperature wärend den zwee Méint an engem iwwerduerchschnëttlech héije Beräich leien. Et läit also net wierklech un de berechnete Nidderschléi, mee d’Temperatur ass dee Faktor, deen einfach Phaseweis stëmme muss. A wéi ganz am Ufank vun dësem Artikel gesot, kann et, trotz ze héich berechneten Temperaturen, awer mol tëschenduerch zu méi kille Phasen kommen. Wéi et och schonn an de leschte Joren de Fall war, kéint sech wärend dëse Méint d’Situatioun astellen, dass et wanterlech Ofschnëtter mat Schnéi a killen Temperature gëtt, dës awer ëmmer erëm vu méi waarme Phasen ënnerbrach kënne ginn. Et kéint sech also deemno wéi e bësse méi schwiereg gestalten, eng wanterlech Phas oprechtzëerhalen. Sollten d’Nidderschléi am Januar a Februar wierklech ze héich ausfalen, da bréicht et just eng kuerz Phas mat méi niddregen Temperature, fir eng potenziell Wiederlag auszeléise, wou et zu gréissere Schnéiquantitéite komme kann. Ob sech dës Situatioun awer wäert erginn, wees keen. Dat wat mir elo wëssen ass, wéi eng Méint ze naass/dréche kéinte ginn a wéi eng ze waarm/kill.