Spuenien: Blesséierter an een Doudesaffer duerch 10 cm grouss Knëppelsteng

Am Nordoste vu Spuenien si bei engem Donnerwieder mat immens grousse Knëppelsteng 50 Persoune blesséiert ginn. E klengt Kand huet net iwwerlieft.

Klengt Meedchen iwwerlieft net

A Nordostspuenien, zu La Bisbal d’Empordià an der Provënz Girona, ass e klengt Meedche vun 1 Joer vun engem grousse Knëppelsteen erschloe ginn. An Europa ass et déi éischt Kéier zanter 1997, dass eng Persoun duerch déi direkt Awierkung vun engem Knëppelsteen gestuerwen ass. Déi gréisst Knëppelsteng haten en Duerchmiesser vun 11,5 cm, esou steet et an der Datebank vun der European Severe Weather Database (ESWD).

Spuenesche Medie no si 50 weider Persounen duerch de Stuerm blesséiert ginn. Sëlleg Autoen a Gebaier goufe liicht bis hin zu markant beschiedegt. Op de soziale Medien wéi op Twitter léisst sech ongeféier ausmolen, wéi zolitt d’Onwieder gewiescht ass.