Spuenien: Donnerwieder suerge fir Iwwerschwemmungen & Stuerm, 1 Doudegen

Am Oste vu Spuenien an och op de Balearen huet et de Weekend uerdentlech gekraacht. Duerch d'Donnerwieder ass et zu zolitten Iwwerschwemmunge komm, eng Persoun ass duerch een Aascht ëmkomm.

Nordëstlech vu Valencia & d’Balearen

Am Freidenomëtten huet et iwwert dem ëstleche Spuenien uerdentlech gekraacht. Betraff waren d’Géigenden ronderëmt Castello de la Plana, nordëstlech vu Valencia. Schonn den Dag virdrun ass et op de Balearen zu zolitten Donnerwieder komm: et si schwéier Stuermstéiss vu bis 100 km/h opgetrueden, duerch de ville Reen war plazeweis esouguer de Stroum ausgefall.

Nordëstlech vu Valencia sinn an Zäit vu 24 Stonne gutt 150 l/m² Reen erofkomm, wat fir Iwwerschwemmunge gesuergt huet. An der Gemeng Bujaraloz an der Regioun Aragonien ass duerch de staarke Wand eng Persoun vun engem Aascht getraff ginn, de Jong vu 17 Joer huet dëst leider net iwwerlieft.

Vill Stroosse stungen ënner Waasser, d’Pompjeeën hu vill Leit aus hiren Autoe gerett. Zu Alquerías del Niño Perdido war e Schoulbus an de Waassermassen hänke bliwwen – d’Kanner sinn doropshin um Réck op méi héich Plaze gedroe ginn.

Zu El Grao de Castellón haat sech iwwert dem Mier en Tornado forméiert (Water Spout). En ass awer och iwwert dem Waasser bliwwen an huet kee Schued ugeriicht.