Stabilt Summerwieder: Wat soen d’Modeller?

De mëtteleuropäesche Summer 2020 weist sech besonnesch variabel. D’Etabléiere vun enger stabiler summerlecher Wiederlag gestalt sech zimmlech schwiereg.

Eréischt 8 Summerdeeg am Summer 2020

D’Wiederstatioun vu Météo Boulaide huet an dësem Summer bis ewell réischt 8 Summerdeeg registréiert – also Deeg, un deenen d’Maximaltemperatur op mannst 25 Grad areecht huet. D’lescht Joer hate mir der am Ganzen 39. De meteorologesche Summer dauert nach de ganzen August iwwer – fir also nëmmen an déi ongeféier Géigend vum Wäert vum leschte Joer ze komme, misste mir bis dohin all Dag Maximaltemperature vu 25 Grad an driwwer kréien. Dëst wäert awer net de Fall sinn.

Trend: An Zukunft weiderhi summerlech Temperature méiglech, mee mat Ënnerbriechungen

Gehäit een e Bléck op déi aktuell Wiedermodeller (Stand: 22.07.2020 – 00:11 Auer), da léisst sech erkennen, dass sech d’Grousswiederlag an de nächsten Deeg an och potenziell Woche net vill ännere wäert. Lëtzebuerg läit méi oder manner an deem Beräich, wou d’Déifdrockgebitter (déi iwwer Nordeuropa ënnerwee sinn) an d’Héichdrockgebitter (déi haaptsächlech iwwert dem Mëttelmierraum zirkuléieren) uneneeschläifen. Duerch d’Azorenhéich an eng ausgepräägt Déifdrockaktivitéit iwwert dem nërdlechen Atlantik zéien ëmmer rem Frontesystemer aus Westen iwwer Mëtteleuropa ewech, déi fir e weiderhi variable Wiedercharakter suerge wäerten.

Viraussiichtlech Grousswiederlag bis an den August eran (GFS / wxcharts.com)

Variable Charakter heescht awer net kee Summerwieder

Och wann d’Grousswiederlag éischter op der variabler Schinn ënnerwee ass, heescht dat net, dass eis guer kee summerlecht Wieder méi erwaart. Ëmmer erëm wäert et virkommen, dass duerch en Déifdrockgebitt waarm Loftmassen aus Spuenien oder dem Mëttelmierraum an eis Richtungen transportéiert ginn. Dës Konstellatioune wäerten awer ëmmer erëm duerch de Passage vu Fronten ënnerbrach ginn, déi eis Reen brénge kënnen – an do wiere mir erëm beim Reen ukomm. D’Quantitéite sollten am August awer, op mannst mol dem Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) no, net all ze grouss ausfalen. Sollte sech d’Berechnungen duerchsetzen, da kéime mir alt erëm bei ze niddrëge Wäerter fir e Mount August un (duerchschnëttlech kéinten 0,6 l/m²/Dag feelen). Un der Wiederstatioun vu MeteoLux um Findel reent et am Mount August an der Moyenne 75,4 l/m².

Stand aktuell kéint et am Endeffekt dorop erauslafen, dass de Summer 2020 a Punkto Temperaturen däitlech manner markant ausfale kéint, wéi an de vergaangenen zwee Joer. Wat d’Dréchenheet ugeet muss nach gekuckt ginn, well, genee wéi an de leschte Summere, mat net all ze grousse Reequantitéite fir déi nächst Zäit gerechent gëtt. E wëllkommt Event fir d’Natur wieren Donnerwieder, déi punktuell gréisser Reenzommen zesummelafe losse kënnen – léiwer lokal wéi néierens.

Wéi den aktuellen Ensemblemodell GEFS et gesäit, schéngen d’Temperaturen a Richtung 10. August ëmmer méi oft an de Beräich vun den 30 Grad ze kommen. Dëst kann een opgrond vun der zäitlecher Distanz natierlech nach net confirméieren- an awer kann ee gespaant sinn, wéi sech den August wiedertechnesch entwéckle kéint.