Stäreschnäizen: Lyriden aktiv

Wéi all Fréijoer sinn zwëschent dem 16. a 25. Abrëll d’Lyriden aktiv. Duerch déi momentan Wiederlaag ass d’Wahrscheinlëchkeet héich, déi eng oder aner Stäreschnäiz ze gesinn.

Mat bis zu 50 Kilometer an der Sekonn…

…trieden déi kleng Partiklen aus dem Weltall an eis Atmosphär an a vergléien. Bis zu 20 Exemplarer an der Stonn sinn ze erwaarden, demno wéi och ë bësse méi. Ët gi nämlech Joeren, wou d’Lyriden iwwerraschend aktiv ausfaalen.

Observatioun

D’Lyriden schéngen aus dem Stärebild Lyra (Leier) ze kommen. Dëst Stärebild steet géint 22 Auer owes am Nordosten knapp iwwert dem Horizont a wandert am Laaf vun der Nuecht ëmmer méi héich. An de fréie Moiesstonnen, kuerz ier d’Sonn opgeet, sinn d’Konditiounen am beschten vir se ze beobachten. Den Héchstpunkt gëtt dëst Joer op den 22. Abrëll geschaat.

D’Wieder

Opgrond vun der aktueller Omega-Wiederlaag brauch een sech an dësen Deeg keng Suergen ëm Wollécken ze maachen, déi d’Observéiere stéiere kéinten… zumindest bis de Sonndënowend. Duerno passéiert eis eng Kaalfront, wouduerch ët däitlëch méi wolléckëg gëtt. Ët sollt een also wierklech nach vum Weekend profitéieren.