Stiermesche Mëttwoch: Wat geschitt do eigentlech?

Um Mëttwoch gëtt et duerch en opliewende Wand erëm spannend. Mee wou kënnt deen op eemol hier?

Randdéif/Schnellleefer

De Moment leie mir ënnert enger Westwiederlag – ëmmer nach. Am Moment wou dësen Artikel geschriwwe gëtt, forméiert sech iwwert dem Atlantik, nordwestlech vu Portugal, e Randdéif/Schnellleefer. Dëst klengt Déif hänkt mat engem gréisseren Déif zesumme, wat mat sengem Kär westlech vun de britteschen Inselen läit. Dëst gréissert Déif lenkt dat frëscht Randdéif a Richtung Frankräich an am weidere Verlaf mat sengem Kär a Richtung Norddäitschland. D’Déif soll also nërdlech un eis laanschtzéien, wouduerch mir matten an d’Wandfeld dovu kéimen. Well et sech ëmt e Schnellleefer handelt, kann et am Beräich dovun och mol méi zolitt blosen.


D’Entstéiung vum Randdéif bis muer, wou et eis areecht | Animatioun: wxcharts.com

Wat huet Lëtzebuerg ze erwaarden?

Geet et dem amerikanesche Wiedermodell GFS no, da wäert de Wand an der Nuecht op de Mëttwoch schonn minimal zouleeën. Wärend dem Nomëtte soll dat ugekënnegt Déif eis mat sengem Kär nerdlech vun eis passéieren, iwwerdeems mir och an d’Wandfeld gerode géifen. Berecht gi Wandspëtzte vun tëscht 50 an 80 km/h. Schonn vum Owend u soll sech de Wand leeën, well d’Wandfeld ebe séier virunzitt. Däitlech méi markant rechent dat ganzt den europäeschen ECMWF. Vum Mëttwochmoie gëtt et ëmmer méi lefteg, vum Mëtten u si stiermesch Wandstéiss vun ëm 60 km/h méiglech. Um Mëttwochowend soll de Maximum mat tëscht 70 an 105 km/h areecht ginn, ier eis d’Stuermfeld séier a Richtung Däitschland verléisst. Den däitschen ICON gesäit et ganz änlech, just souguer schonn am spéidere Nomëtten a net réischt um Owend. Et gi Wandvitesse vun tëscht 70 a 95 km/h berechent. De franséischen ARPEGE rechent de Kär méi wäit südlech, wouduerch de Wand bei eis net méi grad esou markant ausfale soll. Besonnesch fir de Südweste vum Land rechent dëse Modell mat Vitesse vu bis ëm 90 km/h déi héchst Vitessen, méi wäit am Norden hätte mir et mat just 50 bis 75 km/h ze dinn.

Fazit

Am Laf vum Mëttwochnomëtte gerode mir ënnert den Afloss vun engem Randdéif. Dëst Randdéif soll bei eis, Stand aktuell, Wandvitesse vun tëscht 70 a 90 km/h generéieren. Op exponéierte Plaze sinn och mol Spëtzte bis ëm 100 km/h net ganz ausgeschloss.