Wochestart fällt lëftëg bis stiermësch aus

Nodeems haut um Sonndën am Nomëtten deels zolitt Donnerwiederen ze erwaarde sinn, gëtt ët de Méinde méi rouëg. Just de Wand bleift bei eis.

Stuermdéif suergt vir staarke bis stiermësche Wand

Ët ass also mat interessanten 48 Stonnen ze rechnen. Um Méinden sinn eng Partie Wollécken ënnerwee, aus denen ët och reene wärt. Ganz lokal kënnen awer och eenzel sonnëg Momenter nët ausgeschloss ginn. De Wand läit dobäi am Fokus: Dëse ka laut aktuelle Modellrechnunge vum GFS Spëtzte vu 75 km/h ereechen. Daat ass och déi Berechnungen, déi am wahrscheinlechsten zoutreffe wärt. Hei drënner gesidd Dir de Verglach vun de Berechnungen unhand vun 3 anere Modeller. Grafiken: wxcharts.eu

Modellvergläich:

ICON

ARPEGE

AROME