Stuerm BENNET: Schwéier Stuermstéiss ze erwaarden | UPDATE

D’Stuermdéif BENNET kënnt eis méi no a wärt de Méinden iwwert eis ewechzéien. Dëst gëtt vu staarke Schauere begleed, lokal begrenzt besteht och d’Wahrscheinlechkeet vun engem Donnerwieder.

De Stuerm kënnt sëcher

Mëttlerweil ass kloer, dass de Stuerm BENNET sëcher iwwert eis ewechzéie wärt. Och wann et näischt dramatesches wärt ginn, ass et awer wichteg, iwwer déi befirstoend Wandgeschwindëgkeeten ze informéieren. Méi déck Äscht an och Beem kéinten an d’Strooss faalen. Als Automobilist sollt een also méi lues maache wéi soss. Spadséiergäng am Bësch sollt een sou gutt et geet vermeiden.

Aktuell Wiederwarnungen am Aen behaalen

Vir dës Stuerm-Lag recommandéieren ech Iech, d’Wiederwarnungen ënnert dësem Link am Aen ze behaalen.

Virdéicht Kaalfront, dann Buedemtrog

Um Méinde stellt sech en interessante Setup zesummen, deen eng besonnëg Opmierksamkeet verdingt huet. Et kéint sinn, dass déi héchst Wandvitesse mol net un der Kaalfront, mee éichter ënnert de kräftege Schaueren oder och Donnerwiedere virkomme kënnen.

Moies géint 6 Auer leie mir nach virun der Kaalfront. Mat Stuermstéiss bis ëm 75 km/h gëtt et awer scho richteg ongemittlech dobaussen. Et soll reenen, daat zäitweis och méi kräfteg. Während dem Iwwergang vum Moien an de Virmëtten oder réicht am Virmëtte selwer ass mam Passage vun der Kaalfront ze rechnen. Dës wärt eng méi markant sinn, well sech un dëser méi zolitt Nidderschléi uneneereie kënnen. Et sinn am Allgemenge Stuermstéiss bis schwéier Stuermstéiss vu 70 bis 90 km/h ze erwaarden. Bei der potenzieller Linn aus kräftege konvektive Nidderschléi kann de Wand ënner Ëmstänn aus méi héiche Loftschichten eroofgemëscht ginn, wouduerch souguer schwéier Stuermstéiss vun ëm 100 km/h net onméigleg wieren.

Tëschent dem Mëtten an dem Nomëtten zitt och nach e Buedemtrog eran, un deem d’Bildung vu méi kräftege Schaueren oder souguer dem engen oder aneren Donnerwieder erhéicht ass. Am Fall vu souenger Schauer oder Donnerwieder si nachengkéier Maximalvitesse vun ëm 100 km/h méigleg. Außerhalb vun de Nidderschléi ass et awer net méi grad sou stiermesch, d’Wandstéiss pendle sech tësche 65 a 85 km/h an.

An dann?

De Wand wärt um spéideren Owend an an der Nuecht op den Dënschden un Intensitéit verléieren, och wann ëmmer nach spierbar Wandstéiss optriede kënnen. Dës sollte net méi warnrelevant sinn. D’Temperature faalen op der Récksäit vum Stuermdéif op 6 bis 3 Grad, op den éislécker Koppe kann et och mol bis op 1 Grad zréckgoen. Op de meechte Platze kënnt et nach zu Reeschaueren, op den héchste Koppe sinn awer eenzel Flacken oder Schnéireen net auszeschléissen.

Wandspëtzte vum Méindemoie bis Nomëtten (AROME) – wxcharts.com

Radarreflektivitéit vum Méindemoie bis Nomëtten (AROME) – wxcharts.com

Vir d’lescht aktualiséiert: Sonnden, 03. Mäerz 2019 14:21 Auer

Lëtzebuerg Nordhalschend

ONWIEDERWARNUNG Stuf ORANGE viru STUERM

Méinden, 04. Mäerz 2019 04:00 Auer bis Méinden, 04. Mäerz 2019 20:00 Auer

De Méinde passéiert eis e Stuermdéif. Vum Moien un gëtt de Wand ëmmer méi staark, am Virmëtte si Spëtzte vu 70 bis 90 km/h méigleg. Un der Kaalfront kënnen ënner Ëmstänn an enk begrenzt och mol 100 km/h net ausgeschloss ginn. Och am weidere Verlaf vum Dag muss mat stiermësche Wandstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss gerechent ginn. Gréisstendeels pendle se sech tësche 65 a 85 km/h an, am Fall vun enger staarker Schauer oder engem Donnerwieder besteht awer de Risk, dass de Wand aus méi héiche Loftschichten op de Buedem gemëscht gëtt. A souengem Fall wiere rem schwéier Stuermstéiss vun em 100 km/h net auszeschléissen. Vum spéidere Méindenomëtte- resp. Owend un gëtt de Wand no a no méi schwaach, bleift awer spierbar.

Lëtzebuerg Südhalschend

1 Kommentar

Kommentare sind deaktiviert.