Stuerm KIRSTEN: De Fuerplang fir de Mëttwoch

Mir gerode lues awer sécher ënnert den Afloss vum Stuermdéif KIRSTEN, wat haut mat séngem Kär iwwert déi Brittesch Inselen ewechzitt.

Schon um Dënschde gëtt et méi lefteg zu Lëtzebuerg, haaptsächlech vum spéidere Nomëtten un. Mir gerode nämlech lues a lues an d’Wand- resp. Stuermfeld vum Stuermdéif KIRSTEN, wat haaptsächlech de Mëttwoch bei eis zu Lëtzebuerg ze spieren ass.

Video vum 25. August 2020

Um fréie Mëttwochmoien gëtt et séier méi wollekeg, trotzdeem sollt et op den allermeeschte Plazen dréche bleiwen. Bei Temperaturen, déi tëscht 14 an 18 Grad leien, kënne scho Wandspëtzte vun tëscht 40 a 65 km/h aus west- südwestleche Richtungen areecht ginn. Déi héchst Wandspëtzte gi fir de spéidere Virmëtten erwaart, wou de Wiedermodeller no Vitesse vun tëscht 65 a 85 km/h optriede kënnen. Den Himmel bleift gro, just ganz lokal begrenzt kéint et mol fir eng Schauer duergoen. Am Laf vum Nomëtte schwächt sech d’Wandfeld of, wouduerch et och bei eis lues a lues manner lefteg gëtt.

U sech erwaart eis kee staarke Stuerm, mee well d’Beem hir Blieder nach all hu kënnen dës vill méi liicht ëmfalen/an d’Stroosse falen. Et ass also warscheinlech, dass eng Partie Beem oder Äscht an de Stroosse leie wäerten.


Déi maximal Wandspëtzten dem europäesche Wiedermodell ECMWF no. Grafik: wxcharts.com