Am Laf vum Sonnden zitt e Stuermdéif mat séngem Kär iwwert d’britesch Inselen ewech a verlagert sech am Laf vum Nomëtten bis an den Owend eran iwwer d’Nordséi ewech an de Norde vun Däitschland eran. Südlech vum Kär dréit d’Stuermdéif e Stuermfeld mat sech, wat ebe virun allem vum Nomëtten un en Thema zu Lëtzebuerg wäert ginn. Zanter dem Samsdemëtte gëlt eng Wiederwarnung vun der gieler Stuf viru Stuerm.
Stiermesche Wand vum spéidere Nomëtten un
Mir starte nach zimmlech roueg an de Sonnden eran. Um Moien ass et liicht wollekeg bis wollekeg, déi richteg déck Wolleke komme réischt vum Mëtten un an d’Land eragezunn. D’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht 9 a 14 Grad. Am Virmëtte klamme se op 13 bis 17 Grad erop, de Wand areecht an de Spëtzten tëscht 30 a 50 km/h. Am Laf vum Mëtten a Nomëtten ännert sech do net méi all ze vill drun. Ueschtert Land leien d’Wäerter tëscht 15 an 20 Grad. De Wand gëtt schon e bësse méi staark an areecht an de Spëtzten tëscht 50 a 65 km/h. Sou ronderem 15h fängt de Wand un spierbar zouzehuelen.
De stäerkste Wand ass vum Owend un, sou géint 18h, bis an d’Nuecht op de Méinden eran, bis ëm 02 Auer, ze erwaarden. An de Spëtzte gi stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss vu 70 bis 85 km/h areecht. An der Ëmgéigend vun enger méi staarker Schauer oder och mol engem Wieder kënne bis zu 90 km/h areecht ginn, am schlëmmste Fall och driwwer. A Richtung Méindemoien hëlt de Wand ëmmer méi of. Am Endeffekt bleift et zwar nach lëfteg, mee warnrelevant Wäerter gi net méi areecht.
Sou zitt d’Stuermfeld iwwer Lëtzebuerg ewech (ARPEGE – wxcharts.com)
Hiweis
De Stuerm ass näischt aussergewéinleches, mee awer nennenswäert. Éischtens well et den éischten Hierschtstuerm vun der Saison ass, zweetens awer, well en och nach eng méi ënnerschaate Gefor duerstellt:
D’Beem hu nach vill vun hire Blieder. Se bidden dem Wand also eng grouss Ugrëffsfläch, soudass et duerch déi ugekënnegt Wandvitessen zu schmieregen an dreckege Stroosse komme kann/wäert. Beem kënnen och ëmfaalen. Et ass dohier streckeweis mat erschwéierte Fuerkonditiounen ze rechnen.