Stuerm op de Britteschen Inselen: Wiederdéngschter ruffe rar Alerte Rouge aus

An de nächste Stonnen trëfft en zolitte Stuerm op déi brittesch Inselen. Et handelt sech dobäi ëmt dat selwecht Déif, wat de Weekend och bei eis fir variabelt Wieder suergt.

Advertisement

Wiederdéngschter warne viru potenzieller Liewensgefor

Et ass zwar schonn de ganzen Dag lefteg bis stiermesch, mee an de nächste Stonnen/iwwert d’Nuecht ass mam Maximum ze rechnen. Den irlännesche Wiederdéngscht huet fir Donegal, Mayo, Galway a Clare déi héchst Warnstuf rout ausgeruff, wat rar ass. Dat selwecht gëllt och fir England, wou de staatleche Wiederdéngscht MetOffice besonnesch fir de Westen eng rout Warnung erausginn huet. Den Déngscht warnt virun Orkanstéiss vu bis zu 90 mph, wat Vitesse vun 145 km/h entsprécht. E Bléck an d’Modellkaarte verréit, dass och mol méi héich Spëtzten, deemno wéi bis zu 160 km/h, och net ausgeschloss sinn.


De Verlaf vun de Wandspëtzten iwwert déi nächst Stonnen | Animatioun: wxcharts.com

Am Warntext gëtt betount, dass Liewensgefor besteet – haaptsächlech duerch Géigestänn, déi ronderëmfléien. Zumools zur momentaner Zäit, wou vill Leit fir d’Feierdeeg a Chrëschtdag dekoréiert hunn, ass et nach méi warscheinlech, dass eppes fortflitt oder ëmfällt.

Dat selwecht Déif suergt vu muer un fir dat ugekënnegt variabelt Wieder zu Lëtzebuerg, schwächt sech, ier et bei eis ukënnt, awer staark of.