Stuerm um Sonndënowend: Bis zu 85 km/h goufe gemooss

De Samsdenowend gouf déi éicht Virwarnung viru vereenzelte Stuermstéiss vu Météo Boulaide publizéiert. Um Sonndënowend ass dunn déi ugesoote Kaalfront iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn.

Stuerm FLORENZ huet vir e stiermësche Sonndënowend gesuergt

Géint 18 Auer gouf d’Virwarnung op eng Akutwarnung vun der gieler Stuf eropgesaat. Am Norde goufe scho Spëtzte vu bis zu 65 km/h ereecht.

Am Dag ass virdéicht d’Waarmfront vum Stuermdéif iwwert eis ewechgezunn, soudass et naass mee richtëg mëll zu Lëtzebuerg war. Am Südoste vum Land goufe souguer bis zu 10 Grad gemooss, waat iwwerduerchschnëttlech vir dës Saison ass. D’Kaalfront koum eis réicht um spéideren Owend méi no, ier se du kuerz virun 22 Auer iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn ass. Dës haat e puer méi staark Schaueren a souguer lokal Donnerwiedere produzéiert, duerch déi et am Norden zu engem kuerzliewege Stuerm komm ass. De Wand war net iwwerall d’selwecht staark, punktuell gouf de Warntext vun der Wiederwarnung awer iwwertraff. Aus den ugesoote 75 km/h sinn un der ASTA-Wiederstatioun zu Reiler 85 km/h ginn.

De Stuerm huet e puer méi déck Äscht an d’Stroosse faale geloss. Weider Informatioune zu gréisserem Schued leie net vir.