Stuerm ZOLTAN: Méiglechen Tornado zu Köln-Poll um Donneschdenowend

De ZOLTAN huet gréissere Schued an Däitschland hannerlooss. An engem Stad-Deel vu Köln soll gëschter esouguer en Tornado aktiv gewiescht sinn.

Foto: Tibor Schady freiwilliges Krisenmanagement TSFK

Advertisement

Advertisement

Méiglechen Tornado riicht grousse Schued un

De Stuerm ZOLTAN huet op ville Plazen an Däitschland fir markante Schued gesuergt. Besonnesch opgefall ass de Stuermschued awer zu Poll, an engem Stad-Deel vu Köln: Nieft generellem Stuermschued ass et an enger ongeféier 1 Kilometer laanger Sträif zu däitlech méi zolittem Schued komm. Diecher goufen ofgedeckt, Beem entwuerzelt an ëmgeknéckt, Autoen ëmgehäit an et ginn esouguer Lächer an de Fassaden. Fir e normaalt Stuermfeld ass dat en éischter ongewéinlecht Schuedensmuster.

Zu den am schroste betraffene Stroossen zielen ënnert anerem d’Alfred-Schütte-Allee, Salmstraße, Kleinstraße, Käulchensweg, Müllergasse an de Poller Kirchweg.