Stuermdéif CHARLOTTE: Den Oflaf fir de Samsdenomëtten

D’Kalfront vum Stuermdéif CHARLOTTE passéiert eis am Samsdenomëtten. Wéi genee dat Oflafe wäert, zumindest wat déi momentan Modellrechnungen ugeet, fannt Dir an dësem Artikel.

Nëmme kuerzzäiteg stiermesch

De Weekend zitt de Kär vum Stuermdéif CHARLOTTE iwwert déi brittesch Inselen ewech. D’Kalfront dovu packt et awer och op Lëtzebuerg a wäert eis am Laf vum Samsde passéieren. D’Intensitéit vum Wand sollt, sech, och wann e plazeweis méi zolitt blose kann, awer éischter a Grenzen halen.

Et ass domat ze rechnen, dass eis d’Kalfront vum Déif de Samsdenomëtten tëscht 13 a 16h passéiere wäert. Un der Kalfront kann et zu méi staarkem Reen kommen, dat engt oder anert Donnerwieder ass dobäi net onméiglech – et ass awer keng Mussesaach. Och scho virun der Kalfront kënne liicht Nidderschléi asetzen.

Wärend dem Passage vun der Kalfront ass mam stäerkste Wand ze rechnen. Et kënne Spëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h areecht ginn, an der Géigend vun engem potenziellen Donnerwieder oder engem méi staarke Schauersegment kënne 95 oder och 100 km/h net ausgeschloss ginn. Dës Wäerter wäerte viraussiichtlech awer éischter d’Ausnahm duerstellen.

De Verlaf vum Wand um Samsden (ICON – wxcharts.com)

Hannert der Front méi kill

Am Laf vum Owend bleift et nach lefteg, d’Wäerter packen et awer net méi an de warnrelevante Beräich. Meeschtens bleift et drëche, just punktuell kënnt et mol nach zu enger Schauer. Iwwerdeems d’Temperature virun der Front nach tëscht 8 an 12 Grad louche, fale se dohannert op 5 bis 2 Grad.

Hiweis

D’Beem sinn duerch d’Stierm aus de leschte Wochen an och duerch de Schnéi vum Donneschden immens virbelaascht. Duerch d’CHARLOTTE kënnen de Weekend also nach eng Partie Beem an d’Stroosse falen.