Süddäitschland & Alpen: Plazeweis gi sech méi wéi 100 l/m² Reen erwaart

Eng Onwiederlag mécht sech de Moment iwwert dem Alperaum, mee awer och aneren Deeler vu Süddäitschland, breet.

Dauer- & Staarkreen iwwer Süddäitschland

Op ville Plaze gëtt dringend op Reen gehofft – de Süde vun Däitschland krut an de leschte 24 Stonnen e ganze Koup dovun of an et soll och esou virugoen. Verantwortlech dofir ass eng Déifdrockzon, déi sech vum Alperaum bis eriwwer iwwert den äussersten Oste vun Däitschland erstreckt.


De Nidderschlag fir déi nächst Stonnen | Animatioun: wxcharts.com

An de leschte 24 Stonne sinn de Radar-Miessunge no schonn gréisser Zomme gefall. Esou sinn am Süde vu Baden-Württemberg, de Raum ronderëmt Villingen-Schwenningen, Reutlingen, Ulm, Konstanz an Augsburg, an de Spëtzten tëscht 50 a 90 l/m² erofkomm, punktuell och driwwer.

Reegebitt zitt virun

An dëse Minutte verlagert sech de Reen vum ëstlechen a südëstleche Baden-Württemberg/Alperand eriwwer a Bayern, wou sech de Modellrechnunge no an Zäit vun de nächste 24 Stonnen op e Neits gréisser Reenzommen erwaart ginn. Vu Kempten am Allgäu aus bis eriwwer op Rosenheim a Bayern rechent den däitsche Wiedermodell ICON mat tëscht 45 an 80 l/m², punktuell soll et och fir knapp iwwer 100 l/m² duergoen. De Super-HD-Wiedermodell vum Kachelmann gesäit dat ganzt esouguer nach e bësse méi markant a wëll lokal begrenzt esouguer 200 l/m² net ausschléissen – dëst kann een awer wuel méi als Ausräisser-Berechnung ophuelen.


D’Reenzommen dem däitschen ICON no fir déi nächst 24 Stonnen | Grafik: wxcharts.com

Fir de Rescht ass den amerikanesche GFS fir den Allgäu an och de Raum ronderëm Ingolstadt mat 60 l/m² dobäi, den europäeschen ECMWF gesäit dës Zommen méi fir d’Grenz zu Eisträich. Alles an allem ginn et fir de gesamte Südoste vun Däitschland, den Oste vun der Schwäiz an och déi direkt Grenz zu Eisträich immens naass Stonnen – mat däitlechem Onwiederpotenzial. Iwwerschwemmunge sinn ze erwaarden.