
Vu Südwesteuropa iwwert de Mëttelmierraum bis an d’Alpen eran dominéiert a nächster Zäit weiderhin eng intensiv Déifdrockaktivitéit, duerch déi et plazeweis erëm zu Iwwerschwemmunge ka kommen.
Advertisement
Onwiederserie geet virun
Zanter dem 4. Mäerz kucke mir duerch déi deels schro Onwieder reegelméisseg erof a Südwesteuropa. Am Update vun e Samschden hu mir verschidden Andréck dovu kritt, wat geschitt, wann et a kuerzer Zäit knapp 200 l/m² reent. Mee net nëmmen de Reen ass e Probleem, op ville Plaze kommen och nach stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss dobäi. Nach méi stiermesch war et am Südweste vu Spuenien, onwäit vu Sevilla: Hei hunn zwee Tornadoen hirt Onwiese gedriwwen. Betraff waren d’Géigenden Alcalá del Río an och Mazagón. Se haten eng Stäerkt vun IF1 bis IF1,5, wat Wandvitesse vun tëscht 130 an 216 km/h entsprécht.
Wa mir eis déi akkumuléiert Reenzommen ukucken, déi bis e Sonnden inclus berechent ginn, da gesi mir, dass net nëmmen déi portugisesch a spuenesch Deeler betraff sinn, mee och an Italien a laanscht d’Westküsten vum Balkan gëtt de Reen relevant. Den europäesche Modell ECMWF rechent am Raum Sevilla mat tëscht 75 an 140 l/m² an de Spëtzten, vu Lissabon bis erop op Braga si bis zu 100 l/m² ze erwaarden.

Nach manner flott Aussiichte ginn et fir de Raum v um Liguresche Mier, an domat ass och de Groussraum Marseille mat dobäi. Vun do aus bis op Corse a Florence an Italien kënnen dem Modell no tëscht 100 an deels iwwer 200 l/m² Reen erofkommen. Och an der Géigend vu Roum soll et mat ëm 100 l/m² esou richteg naass ginn. Am Balkanraum zitt sech de Beräich mam onwiederaartege Reen vun Tirana iwwert de Weste vu Montenegro, Bosnien, Kroatien, Slovenien a nach weider an d’Alpen eran. Et kënne méi wéi 150 l/m² Reen erofkommen, an de Staulagen nach e bësse méi.

Wat d’Zäit duerno betrëfft, ass an de betraffene Géigende mat weiderem Reen ze rechnen. D’Déifdrockaktivitéit schéngt nach esoubal net nohalteg ofzehuelen.