Summer probéiert zréckzekommen

De Summer kritt sëch dëse Mount nët sou richtëg duerchgesaat. D’Hoffnung sollt een awer nach nët esou ganz opginn.

Nëmme kuerz méi waarem

Esou lues ginn d’Berechnungen vir den Temperaturverlaaf a nächster Zäit méi sëcher an ët kristalliséiert sëch eraus, dass déi meecht Modeller averstaane sinn, dass ët ab dem Méinden méi waarem gëtt, och wann daat dann wahrscheinlech just vir eng kuerz Zäit de Fall wärt sinn. De Méinden kënnen d’Temperaturen haaptsächlech am Süde vum Land 25 Grad ereechen. Um Dënschden kënne méi verbreet iwwer 25 Grad gemooss ginn, an der Staadter Géigend souwéi och laanscht d’Musel sinn souguer bis zu 28 Grad méigleg. Vum Mëttwoch un ginn d’Temperaturen scho liicht zréck, 26 Grad ginn erwaart. Vum Donnëschden un ginn nëmme nach knapp 25 Grad ereecht, wann iwwerhaapt. Wann déi aktuell Berechnunge Recht behaalen, gëtt ët dann rëm däitlech méi kill mat Temperaturen vun ëm déi 20 Grad.


Grafik: meteociel.fr

Vum Ensemble kann een ofliesen, dass ët vum Méinden un zimmlech sëcher méi waarem gëtt an och, dass ët sëch dobäi wahrscheinlech just ëm eng kuerz Zäit handlen wärt. D’Sëcherheet vun enger Wiederlaag erkennt een um Ensemble dorunner, wann d’Linnen no uneneen sinn. Wann se méi wäit auserneen sinn, ass d’Laag, je nodem wéi wäit se auserneen sinn, onsëcher.

Risk vu Schaueren an Donnerwiederen

Während der kuerzer méi waarmer Phase lossen méigleg Schaueren oder och Donnerwiederen och nët méi laang op sëch waarden. Aktuelle Berechnunge no kënnen den Dënschden am Nomëtten schon éicht Reefäll eroofgoen.