Summer zu Lëtzebuerg: Et gëtt nach Hoffnung!

De Summer 2021 ass anescht wéi déi lescht Summeren. Elo am August freet ee sech, ob de Summer iwwerhaapt nach eng Kéier erëmkënnt. Déi aktuell Modellkaarte gesinn op alle Fall ganz interessant aus.

Grousswiederlag ännert sech

Mir ginn de Moment vun engem groussen Déifdrockkomplex dominéiert, deen iwwert de britteschen Insele läit. Doduerch wäert eist Wieder elo mol nach eng Zäit variabel bleiwen. D’Modeller GFS an den ECMWF gesinn fir d’nächst Woch awer lues a lues e Changement op eis duerkommen: héije Loftdrock soll sech dotëschtdrécken a séch iwwer Mëtteleuropa breetmaachen.

Fir de Rescht vun dëser Woch an och nach bis de Méinden inclus ännert sech nach net vill un eisem Wiedergeschéien. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of an dotëscht kann et ëmmer erëm mol zu enger Schauer kommen. D’Temperature beweege sech am Dag tëscht Maximalwäerter vun 18 an 21 Grad. Vum Dënschden u gerode mir e bësse méi ënner Héichdrockafloss, d’Temperature bleiwen ëmmer nach déi selwecht. Et gëtt schonn liicht méi sonneg, just nach lokal ass dem aktuelle Stand no mat enger Schauer ze rechnen. Och fir de Mëttwoch rechent den amerikanesche GFS nach mat e puer eenzelne Nidderschlagssignaler, iwwerdeems den ECMWF där Meenung ass, dass et dréche bleift. Fir den Donneschde sollt et dann erëm gréisstendeels dréche bleiwen, wat och fir de Freide gëlt. Och fir den iwwernächste Weekend sollt sech un dësen Aussiichte nach net all ze vill änneren.


Den ECMWF an och de GFS rechne fir ronderëm Mëtt der nächster Woch mat summerleche Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Wat d’Temperaturen ugeet, rechnen déi zwee Modeller GFS an ECMWF zu ënnerschiddlechen Zäitpunkten mat erëm summerleche bis héichsummerlechen Temperaturen. De GFS ass vum Mëttwoch un erëm mat summerleche Wäerter vun iwwer 25 Grad dobäi, iwwerdeems den ECMWF fir dann schonn ëm 27 Grad berechent. Déi héchst Temperature berechent den amerikanesche GFS fir de Freiden den 13ten mat knapp 30 Grad, den europäeschen ECMWF gesäit en éischte Maximum fir den Donneschden. Déi momentan Modellkaarten, Stand 06.08.2021 12:50 Auer, wieren fir dann mat bis zu 33 Grad dobäi.

Obwuel séch warscheinlech héije Loftdrock a waarm Loftmasse bei eis duerchsetze kënnen, gëtt d’Loft och méi fiicht. Et wäert wuel warscheinlech also net esou laang dauere, bis et erëm zu Schaueren an Donnerwieder kënnt.