Summer zu Lëtzebuerg: Gëtt et nach Hoffnung fir den August?

Nodeems et laang waarm war, huet sech elo zanter e puer Deeg eng spierbar Paus agestallt. Wéi laang dauert dës nach, a gëtt et nach Hoffnung op e Comeback am August?

Advertisement

Den aktuelle Stand vun de Modeller

Wéi mir eis et schonn an de vergaangenen Artikelen ugekuckt hunn, si mir weiderhin an där Situatioun, an där sech d’Déifdrockgebitter iwwert dem Nordatlantik esouwéi och Nordeuropa ophalen, iwwerdeems d’Héichdrockgebitter hir Kreeser iwwert dem Süde vun Europa dréinen. Dat féiert dozou, dass d’Temperaturen an eise Géigenden zréckgehale ginn an zousätzlech dozou och ëmmer erëm kënne Schaueren erofkommen. De Wand spillt och eng Roll a bléist zäitweis spierbar, wat et nach en Tick manner agréabel mécht. Nodeems mir eis d’Wieder fir de Weekend gëschter ugekuckt haten, gëtt kloer, dass et genee esou mol nach wärend de leschte Juli-Deeg wäert virugoen.


D’Konstellatioun vun den Drockgebitter & de Loftmasse bis an de fréien August eran | Animatioun: wxcharts.com

Ier mir méi wäit kucken, hei nach d’Umierkung, dass d’Rekord-Hëtztwell aus dem Mëttelmierraum amgaangen ass, esou lues vun eise Wiederkaarten ze verschwannen. Et huet ni eng Gefor bestanen, dass dës op Lëtzebuerg kéim. A wéi ass et mat weideren Hëtztwellen? Där sinn der theoretesch méiglech, mee viraussiichtlech manner intensiv an éischter wier dat och erëm eng Affaire fir de Süde vum Kontinent. Firwat dat esou ass, kucke mir eis dann elo un.

Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis an den August eran

Fir dësen Ausbléck huele mir eis zwee Mëttelfristmodeller, nämlech den amerikanesche GFS an den europäeschen ECMWF. Den amerikanesche Modell gesäit wärend den éischten August-Deeg en Déifdrockgebitt mat sengem Kär iwwer Skandinavien, iwwerdeems iwwert dem Atlantik en Héichdrockgebitt läit. Doduerch kéim eng nach manner waarm nordwestlech Stréimung zustanen, déi eis Temperature nach méi wäit géifen erofdrécken – zousätzlech wieren erëm méi oft Schaueren a spierbare Wand mat dobäi. Sollt sech dat esou duerchsetzen, dann hätte mir Krämpes fir iwwerhaapt nach op 20 Grad am Dag ze kommen, an dat hätt definitiv guer näischt méi mat Summersaison ze dinn.


E méiglechen Zenario fir den 3. August dem ECMWF-Modell no: E Stuerm iwwer BeNeLux & Frankräich | Grafik: wxcharts.com

Dass dës Variant awer net onméiglech ass, weist den europäeschen ECMWF: Dësen geet nämlech Hand an Hand mam GFS a gesäit fir déi éischt Deeg vum August eng änlech Konstellatioun. E klengen Zousaz wier dobäi, nämlech wier dëse Modell esouguer der Meenung, dass eis en Donneschden (3. August) kéint e Stuerm mat Vitesse vun tëscht 70 a 85 km/h ustoen.

An duerno?

Mir hunn elo bis +/- de 6. August gekuckt. Wéi ass et dann duerno? Den amerikanesche Modell wëll et vun do un net ausschéissen, dass sech verschidden Déifdrockgebitter erëm esou wäit westlech kéinten orientéieren, soudass kuerzzäiteg erëm kéinte méi waarm Loftmassen aus dem Süde vun Europa ugezaapt ginn. Eng Chance dofir géif dem momentane Stand no ronderëmt den 8. August bestoen, eng weider méi eendeiteg ronderëmt den 13. August – an déi gouf elo schonn e puer mol esou berechent. Sollt déi vum 13. August klappen, dann hätte mir et mat engem richtege Summer-Comeback ze dinn mat Temperature bis 30 Grad a liicht driwwer.


De groussen Hoffnungsschimmer fir eis Summerfrënn, allerdéngs nach gutt 370 Stonnen an der Zukunft… | Grafik: wxcharts.com

Den europäeschen ECMWF gesäit leider nach net esou wäit, mee just bis de 6. August. Dohier musse mir nach e puer Deeg ofwaarden fir ze gesinn, wat dann dësem Modell seng Meenung zur Saach ass. Fir awer eng kleng Referenz ze hunn kann een awer bäifügen, dass den amerikanesche Laangzäitmodell CFS fir den August keng iwwerduerchschnëttlech héich Temperature méi gesäit, mee genee duerchschnëttlech. Dat kann een esou interpretéieren, dass dësem Modell no d’Warscheinlechkeet vun enger markanter Hëtztwell an eise Géigenden zimmlech niddereg ass. Den europäesche gesäit awer weiderhin ze héich Temperaturen op eis duerkommen, déi een awer aus aktueller Siicht gesinn kann a Fro stellen.


De momentanen amerikanesche Laangzäitmodell rechent fir den August fir d’Joreszäit normal Temperaturen | Grafik: www.cpc.ncep.noaa.gov

Mëtt August entscheedend

Dat, wat den amerikanesche Modell fir d’Mëtt vum August rechent, ass warscheinlech entscheedend doriwwer, wéi de Rescht vum meteorologesche Summer verleeft. Dëse geet nach bis den 31. August inclus – a sollt dat net klappen, da wier et dat mam Summer gewiescht. Dat heescht awer elo net, dass e spéide Comeback an der éischter Septemberhallschent komplett ausgeschloss ass – mee dann eben mat Wäerter op September-Niveau.