Supertaifun MANGKHUT zitt a Richtung Philippinen

Iwwerdeems den Hurrikan FLORENCE am Fokus vun de Medie läit, ass op der anerer Säit vum Ärdball e nach méi staarke Stuerm amgaangen. De Supertaifun MANGKHUT ass de Moment de stärksten tropësche Stuerm, deen op der Ärd aktiv ass.

De Supertaifun MANGKHUT um Satellitebild

Graphic Copyright by JTWC/SATOPS

Wandvitesse bis 350 km/h

Am Nordweste vum Pazifik zirkuléiert den am Moment stärksten Tropestuerm vun der Welt. De Supertaifun MANGKHUT produzéiert an der Moyenne Wandvitesse vu bis zu 290 km/h, an de Spëtzte kënne souguer bis zu 350 km/h ereecht ginn, waat engem atlantëschen Hurrikan vun der héchster 5ter Stuf entsprëcht. De Stuerm ass soumadde méi staark wéi d’FLORENCE, waat um Mëttwochowend eiser Zäit op en Hurrikan vun der drëtter Stuf eroofgestuft ginn ass. Eng nei Intensivéierung kann awer net ausgeschloss ginn.

De MANGKHUT zitt aktuelle Modellrechnunge no ënner liichter Ofschwächung de Freiden iwwert de nördlechsten Zipfel vun der Insel Luzon ewech, wou e net nëmmen duerch de Wand katastrophale Schued uriichte kann. De Nidderschlag wärt e grousse Problem ginn, well de Simulatioune no Reequantitéite vu bis zu 700 l/m² méigleg sinn. Dëst kombinéiert mam extrem staarke Wand stellt eng grouss a liewensgeféierlech Gefor vir Mensch an Déier duer. Ongeféier 3 Millioune Leit wärten ënnert dem Afloss vum MANGKHUT stoen.

Nodeems de Stuerm Luzon passéiert huet, zitt e weider a west-nordwestlech Richtunge a kéint soumadden e Problem vir d’Ëmgéigend vun Hong Kong duerstellen. Dem Joint Typhoon Warning Center no soll de Stuerm de Samsden tëschen Hong Kong an Halkou ënner weiderer Ofschwächung u Land goen. Vir Détailer ass et nach ze fréi.

Zuchrichtung an Intensitéit vum MANGKHUT