Upgrade: Wiederstatioun gëtt muer vum Netz geholl

No knapp 7 Joer am Betrieb, gëtt d’Wiederstatioun vu Météo Boulaide muer um Sonndën, 1. Abrëll 2018 vum Netz geholl.

Upgrade

Ët ass awer alles nëmmen hallef esou wëll: Um Sonndë gëtt e markanten Upgrade un der Wiederstatioun virgeholl, deen an Zukunft nach vill méi genee Wiedermoossunge zouloosse wärt. Während dësem Prozess muss d’Wiederstatioun vum Netz geholl ginn a sollt, wann alles gutt leeft, schon am Laaf vum Sonndënowend rëm am Asaatz sinn.

Bis 2013 gouf eng normal Fändelstaang benotzt, un där d’Sensoren installéiert goufen. Beim Duerchgang vun enger kräftëger Schauerlinn de 27. September 2013 ass dësen ëmgeknéckt, mee huet glécklecherweis kee Sensor beschiedëgt. Zanterdeem ass e robusten Antennemast am Asaatz, deen opgrond vu séngem Gewiicht éichter nët vir eng Wiederstatioun ausgeluecht ass. Wann u Sensore geschafft muss ginn, konnt een de Mast nëmme schwéier ëmleeën, vir drunzekommen.

Mam Ziel vir dëst Joer nach vill méi genee Donnéeë sammlen ze kënnen, hunn ech mir elo e neie Mast zougeluecht, dee speziell vir Wiedermiessunge geduecht ass. E grousse Virdeel ass, dass dëse méi héich wärt sinn, wéi all Haiser rondrëm. Virun allem vir d’Wandmoossung ass dëst e Virdeel.

Neie Wandmiesser

D’Highlight vun dësem Upgrade ass de neie Wandsensor. Dësen ass héichgenau a gëtt an der Regel just vu Fluchhäfen, grousse Wiederdéngschter an an anere Beräicher vun der professioneller Fuerschung agesaat. E grousse Merci un all Sponsor a Leit, déi mir am Laaf vun der Zäit sou generéis waren a mir en Don gemaach hunn. De neie Sensor ass nämlech méi käschtenopwännëg wéi all déi aner Sensoren zesummen, déi de Moment am Asaatz sinn.

Just den Ufank

All Joer gi nei Zieler an Ugrëff geholl, vir den allgemenge Service vu Météo Boulaide nach besser vir séng Consommateuren ze maachen. Dëst Joer ass ët eng nei Wiederstatioun, déi am Laaf vum Joer op Gréiwels stoe komme soll. Dës wier de Grondsteen vir en eegent Wiederstatiounsnetzwierk hei am Land. Sou soll ereecht ginn, dass engersäits méi genee Donnéeë gesammelt a besser Prognosen erstallt kënne ginn, anerersäits awer och, vir onofhängëg vun anere Wiederdéngschter ze sinn. Sou kann ech ëmmer op meng eegen Daten zréckgräifen, vun deenen ech wees, dass se normgerecht a plausibel registréiert goufen.

Dir wëllt mech bei ménger Arbëcht ennerstëtzen? Da kënnt Dir mir, natierlech fräiwëllëg, rouëg en Don maachen. Falls Dir kee PayPal hutt, da mellt Iech w.e.g ënner support@meteoboulaide.com