D’Wieder vir de groussen Télévie-Dag 2019

Et ass rem souwäit: dëse Samsden, de 27. Abrëll 2019, ass rem de groussen Télévie-Dag! Mee wéi gëtt d’Wieder? Hei fannt Dir déi aktuellste Wiederprognos.



Stand: 26.04.2019 – 18:46 Auer

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tësche 6 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter net méi wäit, et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtten gi Maximalwerter vu 7 bis 11 Grad areecht, et bleift dobäi meechtens gro. E puer Schauere kënnen eroofkommen, just mat Chance kritt sech d’Sonn mol kuerz duerchgedréckt. De Wand bléist zäitweis nawell frësch aus westleche Richtungen a packt et an de Spëtzte bis op 60 km/h. An der Moyenne bléist de Wand mat 25 km/h. Um Owend an an der éichter Halschend vun der Nuecht ass et eng Zäitche manner naass, ier ab der zweeter Nuetshalschend nei Nidderschléi hire Wee op Lëtzebuerg fannen.



Daagsiwwer:


Reeschaueren

11°C

7°C

25 km/h Max.: 60 km/h W

75 %

   Nuecht:


eenzel Schaueren

7°C

3°C

20 km/h Max.: 35 km/h SW

70 %