
An de vergaangene Stonne gouf un der ASTA-Statioun zu Breedelt e Minimum vun eppes ënner -9°C gemooss. Och an der nächster Nuecht ass mat markantem Frascht ze rechnen.
Advertisement
Héije Loftdrock, kloren Himmel a Schnéicouche…
… dës dräi Faktoren droen dozou bäi, dass et an de Nuechte gutt kann ofkillen. D’Resultat hu mir an de vergaangene Stonne gesinn: Zu Breedelt huet et op -9,2°C ofgekillt, zu Schëmpech waren et bal -8 Grad. Och soss am Land war et richteg kill, tëscht -3 a -7 goufe gemooss. Am Artikel vu gëschter hate mir eis d’Warscheinlechkeet dozou schonn méi genee ugekuckt.

Fir d’Nuecht op en Dënschde berechenn d’Modeller erëm änlech Viraussetzungen, duerch déi d’Temperaturen esouguer nach en Tick méi wäit kéinte falen. Fir d’Nordspëtzt vum Land/Grenz zu der Belsch an Däitschland, si Wäerter vun tëscht -7 a -11°C méiglech. Am Rescht vum Norden sinn -8 bis -5°C am warscheinlechsten, iwwerdeems d’Spaan soss am Land tëscht -7 a -4°C leie sollt. D’Aussiichte sinn also knackeg kill.
An de nächsten Deeg bleift et zwar wanterlech kill – souwuel am Dag wéi och an der Nuecht – mee d’Wäerter fale net méi esou wäit.