Temperatur-Update: Bis an de September eran 30°C méiglech, dozou schmeier

Nom Update vum vergaangene Freide gesinn d’Modeller weiderhi keen Zeeche vun Hierschtwieder fir déi nächst Zäit. Bis an de September era sinn 30°C méiglech, en Donnerwiederrisk besteet awer och.

Advertisement

D’Situatioun

D’Modeller haten an de leschten Deeg ënnert sech gréisser Probleemer, fir d’Temperature méi oder manner änlech ze berechnen – et koum zu ze groussen Ënnerscheeder. Zanter gëschter sinn se awer zu engem groussen Deel erëm op enger waarmer bis spéit-héichsummerlecher Schinn ënnerwee, déi weiderhi keen Ufank vun hierschtlechem Wieder undeit. Dohier gëtt et elo mol Zäit fir en Update zu den Temperaturen a wat déi nach esou kënne mat sech bréngen.

De Verlaf

Schonn haut um Mëttwoch klammen d’Wäerter schonn erëm op bis zu 30°C, punktuell liicht driwwer. Den Himmel ass gréisstendeels kloer, héchstens sinn e puer Schleierwolleken um Wierk. Muer um Donneschde stinn eis tëscht 26 an 31°C un, punktuell ass och eng 32°C net ganz onméiglech. E Freide solle, Stand aktuell, tëscht 24 a 26°C optrieden.

Vum Samsden u kënnt et dann erëm zu deels gréisseren Ënnerscheeder tëscht de Modeller. Déi meescht sinn der Meenung, dass et mat 27 an 32°C virugeet, den amerikanesche Modell ass mat héchstens ëm 24°C méi “pessimistesch”. Fir e Sonnde si sech d’Modeller ënnerteneen erëm méi eens, tëscht 25 an 30°C wieren dran, punktuell och erëm 31°C.


D’Loftmasse bis de Sonnden inclus laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Wat d’nächst Woch ugeet bleiwen déi eng Modeller hirer Linn mat bis zu 30°C trei, aner Modeller gesinn awer e “Réckgang” op ëm 25°C. Wéi laang dat esou soll virugoen, dat kann een aktuell net aus de Kaarten erausliesen. Mee ganz dovun ofgesinn, wéi héich d’Wäerter exakt klamme, kann ee soen, dass et keng wierklech Unzeechen op Hierschtwierder ginn. Summerlecht bis héichsummerlecht Wieder ass e gutt Stéck méi warscheinlech, an dat mol nach bis den 10. September. Wat duerno kënnt, ass nach méi eng grouss Spekulatioun.

Fiichtwaarm Loftmassen & Donnerwiederrisk

Elo, wou mir eng ongeféier Iddi hunn, wéi et wuel mat eisen Temperature soll virgoen, kucke mir mol, wou dës iwwerhaapt hierkommen. Iwwert dem Mëttelmierraum wäerte mir et an de nächste Woche mol nach, bis op e puer Ausname, meeschtens mat Héichdrockwieder ze dinn hunn. Iwwerdeems forméiere sech heiansdo Déifdrockgebitter iwwer Südwesteuropa, déi a Richtung Nordoste wanderen an domat och op Lëtzebuerg duer. Dat bréngt dann eng erhéicht Loftfiichtegkeet mat sech, déi sech mat de summerlechen Temperature géif vermëschen. Dat heescht, dass och den Donnerwiederrisk an de nächste Woche weiderhi kann en Thema ginn. Schonn vu muer un bis e Sonnde kann et sinn, dass iergendwou an eiser Groussregioun eenzel Nidderschléi opdauchen – betreffen deet et awer, wéi oft, nëmmen déi mannst.


D’Loftmasse bis an déi nächst Woch eran laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Iwwert de Weekend eraus gekuckt, deiten d’Modeller fir de Verlaf vun der nächster Woch weiderhin e puer Signaler fir eenzel Schaueren oder och Donnerwieder un. De Fazit also: Amplaz no Hieschtwieder gesäit et no enger fiichtwaarmer Mëschung aus.

Sollt sech déi aktuell Moment-Opnam markant ännere, kënnt natierlech en Update.