Temperatur-Update: Um Samsden 33°C méiglech, um Owend Wiederrisk

Aktuelle Berechnunge no kann eis de Samsden de bis ewell wäermsten Dag vum Joer ustoen, ier vum spéidere Nomëtten/fréien Owend un erëm Donnerwieder méiglech sinn.

Advertisement

Vum Samsden un op wackelege Been

Wéi virun e puer Deeg ugekënnegt, erliewe mir de Moment endlech mol eng méi stabil Phas. Zwar begéine mir duerch Schleierwolleke mol nach den een oder anere Schéinheetsfeeler, mee d’Temperature sinn amgaangen ze klammen.

Muer um Donneschden erreeche mir de neiste Modell-Auswäertunge no e Maximum vun tëscht 25 a 29 Grad, dat bei engem Wiessel aus Sonn a Schleierwolleken. Et bleift dréchen. Um Freiden huelen d’Schleierwolleken a Richtung Owend of – mee trotz dësen ass mat Héchsttemperature vun tëscht 26 an 31 Grad ze rechnen. Interessant gëtt et erëm um Samsden: Et wäert viraussiichtlech laang dréche bleiwen, ier et dann vum Nomëtten un duerch Cumuluswolleken méi dréif gëtt. Dës Wolleken deiten op eng zouhuelend Instabilitéit hin, wat sech am Laf vum spéidere Nomëtten, tendenziell awer méi am Laf vum Owend, a Form vun Donnerwieder ka weisen. Ier dat geschitt, si Maximaltemperature vun tëscht 27 an 33 Grad ze erwaarden – eppes klenges driwwer ass net gänzlech onméiglech.


De Peak vum “Wiermt-Bierg” um Samsden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Moment kënne mir just vun engem Donnerwiederrisk schwätzen, konkret Aussoe sinn awer nach net méiglech. Stand elo besteet den héchste Risk iwwert dem Nordoste vu Frankräich an zitt sech an de Weste vun Däitschland eran. Iwwerdeems iwwer Frankräich de Risk vu Knëppelsteng méi héich wier, wier bei eis, falls et dann tatsächlech zu engem Donnerwieder kéim, de Staarkreen am Fokus. Gréisser Zommen a kuerzer Zäit wiere net ausgeschloss.

Mee wéi gesot, dat ass nach e groben a verschwommene Bléck op de Samsdenowend. Domat soll just ënnerstrach ginn, dass eis méi stabil Phas nach bis dohin dauert. An den Deeg drop ginn d’Schaueren erëm e bësse méi fréquent an d’Temperature gi viraussiichtlech op ënner 25 Grad zréck.