Temperatur-Update: Weiderhi Fréijoerstemperaturen an Aussiicht

D’Wiedermodeller bleiwe bis ewell zimmlech konsistent a Saache Fréijoerstemperature fir déi zweet Hallschent vun der neier Wiederwoch.

Advertisement

D’Nuechte nach weiderhi fraschteg

Momentan spiere mir ëmmer nach e kille Wand, zumools an de Nuechte leien d’Temperaturen um an och ënnert dem Gefréierpunkt. Dat ass och kee Wonner, well eis eisen Héichdrockafloss momentan mol nach op indirektem Wee polar Loftmassen aus Russland zouspillt, déi eis awer an däitlech ofgespeckter Form erreechen. Bis e Mëttwoch verlagert sech d’Héichdrockgebitt a Richtung Südosteuropa, wouduerch eis Stréimung erëm méi mëll gëtt. Ier et esouwäit ass spiere mir nach de méi frësche Wand am Dag an och an de Nuechten deet sech nach net all ze vill.

Fokus op der zweeter Wochenhallschent

Vum Mëttwoch un, nach méi däitlech vun en Donneschden, leet sech en Déifdrockgebitt virun d’Westküsten vu Spuenien a Portugal. Zur selwechter Zäit läit en Héichdrockgebitt iwwer Südosteuropa an dem Balkan. Well Héichdrockgebitter mat der Auer dréinen an Déifdrockgebitter dogéint, ergëtt sech doduerch eng däitlech méi mëll a fréijoersméisseg Südstréimung – et gi nämlech Loftmassen aus dem Mëttemierraum ugezaapt. Dem amerikanesche Modell no sollen dës eis nach bis a Richtung Enn Mäerz beaflossen, dem europäesche Modell no kéint et awer schonn virdrun, also ronderëmt de 24. Mäerz, erëm en Tick méi kill ginn. De geneeë Verlaf steet awer nach aus.


Déi warscheinlech Loftmasseverdeelung ronderëmt e Freiden | Grafik: wxcharts.com

Allefalls sinn dem momentane Stand no fir e Mëttwoch Héchstwäerter vun tëscht 12 a 15 Grad ze erwaarden, en Donneschde 14 bis 16 Grad, e Freiden 13 bis 16 Grad an e Samschden 11 bis 14 Grad. Wéi schonn am Artikel vun e Freide kuerz ugeschnidden, gëtt momentan ëmmer nach eng kleng Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren an Donnerwieder fir e Freiden oder e Samschde berechent. Dozou awer an engem aneren Artikel méi.