Temperature faalen, wanterlech ab November?

Daat stännëgt rop an eroof vun eisen Temperaturen wärt a noer Zukunft op en Enn goen. De Modeller no wärten se sëch nämlech vir eng bestëmmt Richtung entscheeden.

Massiven Temperaturréckgang a Siicht

Déi momentan Ensemblerechnungen kommen no an no ëmmer méi op e gréngen Zweig. Ët ass zimmlech sëcher, dass d’Temperaturen spéitstens ab dem Enn vun dëser Woch ufänken Daag vir Daag e Stéck zréckzegoen. Vun Ufank November un ginn domadden kaum nach Temperaturen vun iwwer 10 Grad am Daag ereecht. An de Nuechten kann ët lokal och bis ënner 0 eroofgoen, soudass Buedemfrascht och en Thema gëtt. Virun allem an de fréie Moiesstonnen sollt een dann oppassen, wann een erausgeet- oder fiert.


Grafik: meteociel.fr

Chancen op Schnéi?

Op folgender GIF-Grafik ass ze erkennen, wéi ab dem November duerch d’gënschtëg Konstallatioun vun den Héich- an Déifdrockgebitter kill Loftmassen aus dem Norden an eis Géigenden eroofgeschëppt ginn.


Grafik: WXCHARTS.EU

Während dem Temperaturréckgang ufanks November gi Nidderschléi simuléiert, déi wuel meechtens als Reen eroofkomme wärten. Ët wärt awer kuerz Zäitfenstere ginn, an deenen ët kaal genuch ass, dass ët, virun allem op méi héich geleeëne Plaatze nët ausgeschloss ka ginn, dass nët alles als Reen eroofkënnt. Méigleg ass Schnéireen oder eenzel Flacken. Vir op weideres am Détail anzegoen, ass ët allerdéngs nach ze fréi. Secher ass awer, dass d’Wahrscheinlechkeet, dass ët glaat gëtt, am November definitiv klamme wärt. Daat mat oder ouni Schnéi.


Grafik: WXCHARTS.EU