
D’Duerchschnëttstemperatur vun de Mierer op der Welt läit de Moment vill ze héich, virleefeg gouf et virun e puer Deeg e neie Rekord. Dorun ass awer net nëmmen d’Äerderwiermung Schold.
Advertisement
Am Beräich vum August-Rekord vum leschte Joer
Am August vum vergaangene Joer louch d’Duerchschnëttstemperatur vun der Waasseruewerflächentemperatur vun eise Mierer bei 21,09°C. Wann ee sech déi momentan Donnéeën awer ukuckt, da gesäit een, dass déi momentan Period vun Enn Januar bis an déi éischt Februarhallschent 2024 eran ganz warscheinlech e neie Rekord fir dëse Parameter markéiert: Den 31. Januar gouf en Duerchschnëttswäert vun 21,10°C gemooss, esou d’Donnéeë vun der NOAA. Der Entwécklung no ass et net ausgeschloss, dass iwwert déi nächst Zäit ëmmer erëm dëse Niveau erreecht gëtt – oder och nei Rekorder opgestallt ginn.
BREAKING: Earth’s oceans have preliminarily set a new all-time record high temperature yesterday at 21.10°C. The previous record was set only a few months ago in August 2023. pic.twitter.com/xhaKyvoDSa
— Nahel Belgherze (@WxNB_) February 1, 2024
Fir dës Rekorder ass awer net nëmmen de Klimawandel/d’Äerderwiermung Schold: De Moment ass och d’Zäit vum El-Niño, duerch deen d’Waasser am Südoste vum Pazifik/virun der Westküst vu Südamerika mee awer och an Indonesien esouwéi och am Indeschen Ozean iwwerduerchschnëttlech héich leien. Dëst huet net nëmmen en Afloss op d’Mieresstréimungen, mee och op déi an der Atmosphär. D’Géigespill dovun ass den El Niña-Effekt. Wat genee déi zwee Phänomeener sinn, fannt Dir hei.