Temperaturstuerz – Hierschtlecht Wieder a Siicht

De Summer huet sech an der zweeter Halschend vum August nachengkéier gutt gefong kritt, soudass ët no enger méi killer Phase nachengkéier gutt waarem ginn ass. Iwwer 30 Grad konnten plaatzeweis nach gemooss ginn. Pünktlech vum meteorologëschen Hierschtufank un, dem 1. September, faalen d’Temperaturen markant.

Temperaturen vun ëm déi 20 Grad

A Richtung Weekend kann ët nach méi oft zu Schaueren oder och vereenzelten Donnerwiederen kommen. Vum Weekend selwer un gëtt ët no an no méi drëchen an d’Sonn kënnt och mol duerch. D’Temperaturen packen ët just nach op Héchstwerter vun ëm déi 20 Grad an daat schéngt och vir de weidere Verlaaf esou ze bleiwen. De Berechnungen no sinn och keng Temperaturen vun iwwer 25 Grad méi a Siicht.

Op dësem Ensemble gesäit een de markanten Temperaturstuerz, deen daat hierschtlecht Wieder op Lëtzebuerg bréngt. Och wann d’Berechnungen der Meenung sinn, dass ët ufanks September rëm bëssen méi waarem gëtt, ginn awer keng summerlech Werter méi ereecht. Zwëschenduerch kann ët och zu Schaueren kommen.


Grafik: meteociel.fr

Waat d’Linnen méi no uneneen sinn, waat d’Wiederlaag méi sëcher ass. Wann se méi wäit auserneen sinn, heecht daat, dass d’Laag méi onsëcher ass.