
Hierschtlecht Wieder ass definitiv op eisem Kontinent ze fannen, mee dofir muss een an de Nordoste vun Däitschland kucke goen. Iwwert dem Südweste gëtt et demnächst erëm 30 Grad waarm.
Vill ze waarm am Südwesten, hierschtlech am Nordosten
Esou wéi d’Wieder am Nordoste vun Däitschland ass/gëtt, wier och hei zu Lëtzebuerg däitlech méi der momentaner Joreszäit ugepasst wéi dat, wat mir de Moment hunn. Muer an och e Méinden wäert sech d’Loftmassegrenz am däitlechste weisen.
Lëtzebuerg läit op der waarmer Säit vun der Loftmassegrenz, wouduerch och heiheem ëmmer nach net mat hierschtlechem Wieder ze rechnen ass. Muer um Sonnde gi Maximalwäerter vun tëscht 21 a 24 Grad heiheem erreecht, vill méi waarm ass et awer am Südweste vun Däitschland. Am Weste vu Baden-Württemberg esouwéi och un der Grenz mat der Schwäiz ginn bis zu 27 Grad erreecht. Iwwer Mëttelfrankräich esouwéi och a Richtung Südweste sinn op e Neits 31 Grad dran.

E Méinden ass heiheem mat 20 bis 24 Grad ze rechnen. A Baden-Württemberg gëtt et och nach en Tick méi waarm, méi verbreet kënne 26 Grad erreecht ginn. Besonnesch bei Freiburg, net wäit ewech vum Europapark, kann esouguer un den 30 Grad gekrazt ginn. Am äusserste Nordosten vu Frankräich, direkt un der Grenz zu BaWü, gesinn d’Modeller esouguer ganz däitlech 30 Grad a warscheinlech en Tick driwwer – betraff ass e Gebitt, wat sech vu Stroossbuerg bis erof op Colmar esouwéi och Mulhouse erstreckt.
Sollten dës Wäerter esou antrieden, da kéint et sech och ëm nei Rekorder handelen. Iwwer Mëttelfrankräich ginn erëm 30 Grad erreecht, iwwerdeems am Süden, zu Toulouse, och mol 32 Grad kënnen dobäi sinn.
Grousse Kontrast
Vun all dësen héije Wäerter mierkt de Nordoste vun Däitschland a generell de ganzen Ostséi-Raum näischt: Fir muer um Sonnde gi grad emol tëscht 12 a 15 Grad erwaart, e Méinden ännert sech net all ze vill drun. Just méi a Richtung Südweste vu Brandenburg a Mecklenburg-Vorpommern kéint et erëm a Richtung 18 Grad goen.
Den Hierscht ass also definitiv um Kontinent ukomm, mee duerch déi dominant Südweststréimung ass dëst zu Lëtzebuerg nach net grad méiglech. Dass zu engem spéideren Zäitpunkt awer en Ëmschwong méiglech ass, dat kënnt Dir hei noliesen.